Zigeiner

Zigeiner ass den Iwwerbegrëff fir Bevëlkerungsgruppen, déi ethnesch matenee Famill sinn an ursprénglech aus Indien stamen, dunn awer zanter dem 14. Joerhonnert an e puer Migratiounswellen iwwer Westasien an Nordafrika an an Europa koumen.

Ugeholle Migratioun vun den Zigeiner an Europa

Uganks hu se aus wirtschaftlechen Ursaachen ni laang op enger Plaz gewunnt a waren an Dauermigratioun. De Prozentsaz vun deenen déi heiansdo oder stänneg op der "Rees" sinn hëlt awer ëmmer méi of, weltwäit gëtt en op just nëmme méi 5 % geschat. D'Zigeiner liewen haut an der Majoritéit an de südosteuropäeschen an an e puer mëtteleuropäesche Staaten, souwéi a Spuenien an a Frankräich. Zu Lëtzebuerg sollen et der an der Moyenne eng ronn 300 sinn[1].

Bevëlkerungsgruppen

Déi verschidde Bevëlkerungsgruppen
  • Roma
    • Lovara
  • Sinti
    • Manuschen
  • Romanichalen
  • Kalderasch
  • Kalé
  • Dom
  • Boscha
  • Xoraxane/Horahane

Bekannt Perséinlechkeeten

Bekannt Filmer

  • Dom za vešanje vum Emir Kusturica, 1988
  • Crna mačka, beli mačor vum Emir Kusturica, 1998
  • Snatch vum Guy Ritchie, 2000

Kuckt och

Referenzen