Wilbur L. Scoville

De Wilbur Lincoln Scoville, gebuer den 22. Januar 1865 zu Bridgeport, Connecticut, a gestuerwen den 10. Mäerz 1942 zu Gainesville, a Florida, war en US-amerikanesche Pharmakolog.

Wilbur L. Scoville
GebuertsnummWilbur Lincoln Scoville
Gebuer22. Januar 1865
Bridgeport
Gestuerwen10. Mäerz 1942
Gainesville
NationalitéitUSA
AktivitéitApdikter, Chimist

Hien huet bei der Pharmafirma Parke Davis geschafft, an do 1912 en Test entwéckelt, fir d'Schäerft vu Chilischeeken ze moossen, de sougenannte Scoville Organoleptic Test (ëgs. Scoville-Skala). Dobäi gëtt de Gehalt vu Capsaicin duerch Verdënnung bis datt een en net méi mierkt, gemooss.

Hie krut zwéi Gielercher vun der American Pharmaceutical Association: 1929 den Ebert Prize an 1929 d'Remington Honor Medal. 1929 krut hien och en Doktor-Titel honoris causa vun der Columbia Universitéit.

Publikatiounen

  • The Art of Compounding, 1885. 9. Oplo 1957 bei McGraw-Hill, New York
  • Extracts and Perfumes

Editiounen

  • The Art Of Compounding: A Text Book For Students And A Reference Book For Pharmacists At The Prescription Counter, 2007, Kessinger Publishing, LLC, e Reprint

Um Spaweck

Commons: Wilbur L. Scoville – Biller, Videoen oder Audiodateien