Grondprinzip: Vokalen … eenzel oder duebel ?Bei a - i - o - u - 1 Vokal virun 1 Konsonant ass laang
- sizen - tuten - molen - Nolen - blosen – Ham – kal - Bal
- 1 Vokal virun 2 Konsonanten (oder méi) ass kuerz
- richteg - Dusch – kuschen – Kascht – Ball – Hamm (d'Uertschaft Hamm)
Dat gëllt och elo fir d'Verbformen alleguer, déi sech nom lëtzebuergesche Stack (Infinitiv) riichten an net nom däitschen: - ginn/gëff, sinn, hunn, gëtt, ass, hutt… falen/fält, gëllen/gëllt, fannen/fënnt
- 2 Vokale virun 2 Konsonanten (oder méi) gi laang geschwat … anescht gedréint: virun 2 oder méi Konsonante muss de laang geschwate Vokal duebel geschriwwe ginn, soss gëtt e kuerz gelies!
- laang: riicht - diichten - Duuscht – Kuuscht – Haascht – laanscht - Aarbecht
- kuerz: richt- dicht- Dusch - kusch
Mä: opgepasst beim "e"! De laang geschwaten e (Breedewee, Feierdeeg, deelen) ass ëmmer duebel, och wa just 1 Konsonant hannendru kënnt, an och, wa vir- oder hannendrun en “ë” kënnt (leeën, gëeelzt…). Beispiller fir ze vergläichen - Den Hond kuscht fir eng Kuuscht. No der Dusch hat ech Duuscht.
- Dee Gaascht bascht vu Gascht. D'Moss moosst d'Strooss a roost.
- Batsch dee Baaschtert mat der Baatsch a mat der Kap op de Kapp.
- D'Fiiss an d'Giss leien am Schloff am Schlof.
- molen a gemoolt: Wann hanner engem laang geschwate Vokal nëmmen ee Konsonant kënnt, gëtt de Vokal nëmmen eemol geschriwwen. Ech gi molen (een “o”, well nëmmen ee Konsonant, den “l” hanner dem “o” kënnt); ech hu gemoolt (nom laang geschwaten “o” kommen zwéi Konsonanten (“lt”) also muss de Vokal “o” duebel geschriwwe ginn.
- schafen, kafen; schaffen, Kaffi; si schaaft (elle crée), si schafft (elle travaille); hien huet Kaffi kaaft.
Zesummegesate Wierder Bei zesummegesate Wierder behält all Deel seng Schreifweis: - Al+stad, of+rappen, vir+liesen, Ur+grousspapp, Of+fall
Dat gëllt och, wann e “Genitiv-s” dertëscht steet: Schof-s-pelz… Diphthongen a “Rëtschlauter”Den “ei” gëtt wéi am Däitschen ausgeschwat: D'Méizuel oder Ofleedunge vu verschiddene Wierder op “au” kréien “ai”: - Haus → Haiser; Maus → Maischen; haut → haiteg.
Déi typesch Duebellauter (Diphthongen a “Rëtschlauter”), déi mir ze soen net am Däitschen oder Franséische fannen, dacks awer am Hollänneschen oder Engleschen, gi sou geschriwwen: - éi - féier déi béis Stéieren néierens séier
- ou - grouss rout Rouse sinn zou
- äi - gëff äis gläich wäisse Räis
- äe - d'Päerd fäert d'Gäert an d'Mäert (awer net virun engem “r” eleng: Kärel, Pärel, Märel, Här, gär…)
- ue - huel uewe lues Huewer, uerg fueren
- ie - wien hieft hien am Hiem? ( den “ie” ass ni e “laangen i”! )
- ue - oe - ae: gi wéi 2 Buschtawe gelies, ni als däitschen „ü“-„ö“-„ä“, (just an Nimm): fuer am Joer Frae froen, wie liest uewen den Aen?
Mat eiser Schreifweis kann een och typesch regional Lauter schreiwen: - Millermoaler, Froaen, Guaart, hiän ass derniäft, d'Öewersauer…
Den “n” oder “nn” (um Enn vun engem Wuert oder bannent engem zesummegesate Wuert) gëtt net geschriwwen, wann en net ausgeschwat gëtt. Den “n” bleift also just stoe virun i-u-e-o-a / n-d-t-z-h (Mierksaz: "Deng Tirett hält net zou!") oder engem Sazzeechen (dozou zielt och d'Klamer).
- e grousse Borscht, en ale Jeeër, den Näid, mäin Drauwenzocker, säi kalen Drauwejus, den Tunnel, en Zockerbäcker
Oppassen op d'Ausnamen
- Bei Wierder op -ioun bleift den “n” ëmmer stoen:
- eng Millioun gewannen
- Den “n” bleift um Enn vu Wierder mat laang ausgeschwatem einfachen -n oder duebelen -nn:
- de Kapitän jäizt, dem Krounprënz seng Zänn wackelen, dënn Leit, de Mann schafft, mä: ech ka Recht hunn, well ech si schéin
- Den “n” bleift och bei weibleche Forme vu Beruffsbezeechnungen op -in:
- d'Affekotin plädéiert, eis Mataarbechterin seet
- Den “n” bleift um Enn vun engem Numm:
- Den Här Bollen geet.
- Just bei geografeschen Nimm déi mat -en ophalen fält den “n” ewech:
- a Kolumbie bléien d'Lilien, a Schwede fueren
- awer: bei Nimm, wou den -en net [ən] ausgeschwat gëtt, bleift den “n” hanne stoen: op Caen fueren, zu Rouen schlofen, zu Wien raschten
- Bei Nimm vun Uertschaften a Stied kann den “n” och stoe bleiwen:
- zu Lëntge brennt et oder: zu Lëntgen brennt et.
Stad - Stater - Staat ...Stad - Sou bezeechne mer une ville, eine Stadt.
Deemno gëtt et d'Stad Esch, d'Stad Ettelbréck, d'Stad Berlin asw. - D'Stad Lëtzebuerg heescht och einfach “d'Stad” (mat bestëmmtem Artikel).
Stater - Déi geografesch Bezeechnungen op -er gi groussgeschriwwen:
Déi Escher Leit, déi Diddelenger Schmelz, de Stater Gemengerot, de Lëtzebuerger Béier, d'Eecher Plaz, d'Areler Strooss asw. - D'Bezeechnung Stater (ëmmer groussgeschriwwen) bezitt sech nëmmen op d'Stad Lëtzebuerg.
Mir kennen den Escher an de Stater Conservatoire. Et gëtt de Stater Theater an den Escher Stadtheater. stättesch - Dat ass de lëtzebuergeschen Ausdrock fir urbain, städtisch.
- Adjektivesch Ofleedungen op -(e)sch, -haft asw. gi klenggeschriwwen:
franséische Wäin, lëtzebuergesche Wäin, schmäerzhaft Wierder, stättesch Bussen... D'Stad Esch stellt hiren neie stätteschen Informatiounssystem vir. Déi stättesch Bibliothéik vun Ettelbréck gëtt vun der Ettelbrécker Bibliothéik Asbl gedroen. De stättesche Musée Simeonstift vun Tréier. Staat - Sou bezeechne mer l'État, der Staat.
Deemno gëtt et och de Staatsrot, d'Vereenegt Staate vun Amerika, de Staat Alaska... staatlech - D'Adjektiv, dat sech op de Staat bezitt ass staatlech.
staatlech Hëllef, de staatleche Pressespriecher, déi staatlech Schoulen... | ë an éë Den “ë” steet ëmmer amplaz vum kuerz betounten däitschen “ö”.Ausnamen: Artikelen (den, dem), d'Virwuert (Pronomen) vun der 3. Persoun (em, en, es, et), an, wichteg: d'Wiertchen net: - D'gëlle Pëlle wëllen net ëmmer erëm nëmme mëll Ënnen
- De Joss gëtt dem Dëmm es… gëff em fënnef Stëmmen
- Rëmeleng (den 1. “ë” ass betount, den 2. net)
é Den “é” steet nëmmen a kuerze betounte Silben: - Mécken, Réck, bécken, Béchs, Geléng, kéng… déi Échel mécht dat dréchen
Ausnam: Possessivpronomen (meng, deng, seng). Bei Wierder, déi sech gläichen, markéiert den “é” eng ënnerschiddlech Aussprooch - kéng, keng; Réng, reng; Stécker, Stecker; strécken, strecken
Kuckt d'Uertschaftsnimm: ass d'Silb betount, kënnt “é”, soss “e”: - Diddeleng, Téiteng, Leideleng…; mä: Lénger, Réngel...
Aner diakritesch Zeechen a Sonnerzeechenè Oppassen: mir hu keen “è” (eleng, reng, Bengel), ausser wann d'Wuert aus dem Franséischen iwwerholl gëtt, da bleift den “è” stoen: - Accès, Barrière, Carrière, Crème, Excès, Pièce-montée, Progrès …
ç, â, ê, ô, î, û Den “c” mat Cédille (“ç”) gëtt et, grad wéi den Accent circonflexe (“Hittchen” - ^), nëmme bei deene Wierder, déi onverännert aus dem Franséischen iwwerholl goufen: - Garçon, Bâtonnier, Boîte, Côte, Gêne, (mä: genéieren), Piqûre,...
E puer Ausname gëtt et do, wou et dat selwecht Wuert am Däitsche gëtt, an do keen Hittchen am Gebrauch ass: Diplom, Hotel, Theater,... ß Den däitsche “schaarfen s” (“ß”) gëtt am Lëtzebuergeschen net gebraucht. Wann däitsch Wierder iwwerholl ginn, gëtt den “ß” duerch “ss” ersat. - dt. Fuß → Fouss , dt. Maß → Mooss , dt. Preuße → Preiss
Ufank- a Schlusskonsonantend-t-b-p-f-w De Schlusskonsonant d-t-b-p-f-w riicht sech nom däitsche Schrëftbild, och wann dee Konsonant am Lëtzebuergesche beim Verlängeren net betount ausgeschwat gëtt (e Brot/broden): - Doud/dout (Tod/tot), Heed (Heide), Rad/Rat (Rad/Ratte), gutt (gut), Brout (Brot), rout (rot), Blat (Blatt), Stëbs (Staub), Kriibs (Krebs), Ribb (Rübe), Rëpp (Rippe), Lëps (Lippe), Bréif (Brief), déif (tief), Léiw (Löwe)…
Ass keng sou Ofleedung méiglech, da gëtt den haarde Konsonant (t-p-f) geholl. g oder ch um Schluss ? Banne bleift de “g” nom däitsche Schrëftbild stoen: - méiglech, Bierger, Buergen, Vugel, Spigel…
De “g” bleift och normalerweis um Enn wéi am Däitschen; just wann d'Silb kuerz a betount ass, schreiwe mir den “ch”: - am Krich war genuch Luch a Bedruch am Zuch.
V oder F um Ufank? De “v” oder “f” als Ufanksbuschtaf steet nom däitsche Schrëftbild: - Fëll déi viischt (vordere) Fläsche voll, awer net déi fir (für) vir (vorne).
- Fir vir bäi ze si beim Virverkaf vun den Ticketen, muss ee fréi u sinn.
J Et gëtt bei der Schreifweis keen Ënnerscheed (méi) gemaach, ob de “j” als Reiflaut (wéi a “Jicken”) oder mouilléiert (wéi a “jo”) ausgeschwat gëtt. De “jh”, wéi et e fréier gouf, existéiert just nach bei vereenzelten Eegennimm (z. B. beim Jhemp Hoscheit). Wierder déi aus anere Sproochen iwwerholl sinnDéi Wierder, déi aus dem Däitschen, Franséischen, Engleschen oder Italieeneschen iwwerholl gi sinn, a sou geschwat bleiwen, ginn normalerweis och sou wéi an der Originalsprooch geschriwwen. - Accord, Concours, Courage, Dictionnaire, Ministère, Jeep, Lobby, Party, Weekend
Bei Wierder aus dem Griichesche ginn “th”, “ch” oder “rh” am Prinzip bäibehalen - Bibliothéik, Diskothéik, Chouer, Chrëschtdag, Rhetorik, Rhythmus
Fir de griichesche “ph” gëtt et dräi Fäll: - Atmosphär, Metapher
- bei Wierder mat (-)graph(-) oder -phon gëtt et déi zwou Schreifweisen, woubäi d'Form mam “f” als Haaptvariant gëllt, ausser deene Wierder, déi mat “phon” ufänken, da gëllt d'Form mam “ph” als Haaptvariant:
- Biografie (Biographie), Mikrofon (Mikrophon)
- Phoneetik (Foneetik), phonologesch (fonologesch)
- Et gëtt just eng Form mat “f”:
- Delfin, Fantasie, Foto
Oppassen op d'Schreifweis vun agebiergerte Wierder: Tëlee - Vëlo! Méizuel bei Wierder mat franséischen Originnen De franséische Pluriel op “s”, “es” an “x” fält ewech, a gëtt duerch d'lëtzebuergesch Méizuelendungen “en” oder “er” ersat. - en Accident → Accidenter, Concours → Concoursen
Net ausgeschwat Schlusskonsonante bleiwen: - e Bord → Borden (ausgeschwat:"Boren")
- e Camion → Camionen
- Oppassen op d'Eifeler Reegel: Camione flécken
- eng Cour, zwou Couren (Häff)
- ee Cours, zwéi Coursen (Léiergäng)
- eng Course, zwou Courssen (Sport) - kritt 2 “ss”, well deen als “schaarfen s” ausgeschwat gëtt.
Bei zesummegesate Wierder komme Bindestrécher (an oft e “Bindungs-s”) dertëscht: - Saumon-fumés-Schnittercher, Rond-points-Schëlter, Chargé-de-coursen, Projet-de-loien, Aide-soignanten (bei der weibl. Form: Aide-soignanteën), Lieu-diten, Porte-clefsen, Maison-relaisen, ...
ApostrophDen Apostroph (') steet wéi an anere Sproochen, fir een oder méi Buschtawen, déi ewechfalen a genee op där Plaz, wou s'ewechgelooss ginn: - 't reent, 't ass d'Erna, 't huet se net méi all
- d'Gripp, d'meescht, d'Leit
Den “'t” gëtt ëmmer klenggeschriwwen, och wann en am Ufank vun engem Saz steet: - Wéi war d'Wieder? 't war gutt.
Grouss a kleng, getrennt oder zesummen?Grouss a kleng, zesummen oder getrennt riicht sech nom däitsche Gebrauch! Liaisouns-s oder -nHeiansdo gëtt en “s” oder “n” ausgeschwat, deen “am Fong” net zum Wuert gehéiert, mä just déngt, fir d'Wuert besser auszeschwätzen. Dës “Liaisouns-n-en” oder „-s-e“ ginn eenzel geschriwwen an net un d'Wuert virdrun ugehaangen: - Ob s de n e wëlls oder net: wann s de n e kriss, dann hues d'en!
- Wann s de kënns...; Ier s de gees...
|