Vittorio Taviani

italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur

De Vittorio Taviani, gebuer den 20. September 1929 zu San Miniato, an Italien, a gestuerwen de 15. Abrëll 2018 zu Roum, war en italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Vittorio Taviani
Gebuer20. September 1929
Gestuerwen15. Abrëll 2018
Roum
NationalitéitItalien, Kinnekräich Italien
AktivitéitFilmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Regisseur
Famill
GeschwësterPaolo Taviani

Hien ass de Brudder vum Filmregisseur an Dréibuchauteur Paolo Taviani. Déi zwéi Bridder dréinen hir Filmer ëmmer zesummen.

1977 sinn déi zwéi Bridder duerch de Film Padre Padrone bekannt ginn. Weider bedeitend Filmer vun hinne sinn La notte di San Lorenzo (1982), Il sole anche di notte (1986) an Cesare deve morire (2012). Am Film Good morning Babilonia (1986) spillt déi lëtzebuergesch Schauspillerin Désirée Nosbusch ënner dem Pseudonym Désirée Becker eng vun den Haaptrollen.

Filmographie

als Regisseur an Dréibuchauteur zesumme mam Paolo Taviani

Um Spaweck