Vaux (Moselle)

franséisch Gemeng am Departement Moselle

Vaux ass eng franséisch Gemeng am Museldepartement an der Regioun Grand Est.

Vaux

Land Frankräich
RegiounGrand Est
Departement Moselle
ArrondissementMetz
KantonCoteaux de Moselle
Postcode57130
Gemengecode57701
Koordinaten49° 05’ 39’’ N
      06° 04’ 51’’ O
Fläch 663 ha
Bevëlkerung 853 (2006)

Fréier huet Vaux der Abtei Saint-Symphorien vu Metz gehéiert. Et war eng befestegt Uertschaft mat enger Festungsmauer a fënnef Paarten.

D'Schlass vu Vaux ass aus dem 13. Joerhonnert, gouf 1870 ëmgebaut, an ass zanter 1999 am Besëtz vun enger Wënzerkoppel, déi an den Häng nieft dem Schlass, op eelef Hektar, franséisch Muselwäiner produzéiert.

D'Uertschaft läit am Parc naturel régional de Lorraine.

Nopeschgemengen

Kuckt och


Um Spaweck