Trëttoir

Wee fir Foussgänger laanscht d'Strooss
Dësen Artikel oder Abschnitt stellt haaptsächlech eng Beschreiwung vun der Situatioun zu Lëtzebuerg duer.
Hëlleft wgl. mat d'Situatioun an anere Länner ze beschreiwen.

En Trëttoir oder Trottoir ass e Wee laanscht d'Säite vun enger Strooss, deen e bësse méi héich wéi d'Fuerbunn gebaut ass a fir Foussgänger oder assimiléiert Benotzer vun der ëffentlecher Strooss reservéiert ass. Zu de Foussgänger zielen och déi, déi e Vëlo, eng Handkärchen oder eng Poussette drécken. Wann en Trëttoir do ass, mussen d'Foussgänger deen och benotzen.

E godronéierten Trëttoir

Den Trëttoir ass gemenkerhand mat engem Kullang an enger Bordür vun der Fuerbunn getrennt.

Duerchgängegen Trëttoir

Gemenkerhand hält den Trëttoir am stättesche Raum op enger Kräizung op an de Foussgänger muss iwwer d'Strooss (den Deel, dee fir den Autostrafick reservéiert ass) goe fir op der anerer Stroossesäit nees kënnen um Trëttoir weiderzegoen. Op enger Kräizung mat engem duerchgängegen Trëttoir ((fr) trottoir traversant) ass d'Situatioun ëmgedréint: Den Trëttoir leeft virun an et gëtt keng visuell oder physesch Trennung fir de Foussgänger. D'Héicht vum Trëttoir bleift deemno konstant an d'Automobiliste mussen iwwer eng Schréi op den Trëttoir erop- resp. eroffueren.

Esou en duerchgängegen Trëttoir kann zu Lëtzebuerg nëmmen amenagéiert ginn, wann d'Vitess an der Niewestrooss, also fir den Trafick, deen iwwer den Trëttoir fuere muss, op héchstens 30 km/h limitéiert ass. Den Automobilist muss d'Foussgänger um Trëttoir laanscht loossen.

Zousätzlech zum legalen Text bestinn eng Rëtsch Konditiounen, fir datt en duerchgängegen Trëttoir vun der Bauverwaltung op enger Staatsstrooss autoriséiert gëtt. Dozou zielen ë a.[1]:

  • do, wou den Trafick iwwer den Trëttoir fiert, däerf de Belag vum Trëttoir net anescht si wéi um Deel vir- oder hannendrun;
  • d'Niewestrooss däerf keng Virfaart hunn;
  • ausser den Dreckscamionen an de Schoulbussen däerf prinzipiell kee Schwéiertransport (och keng ëffentlech Buslinn) an der Niewestrooss fueren.

Originaltext aus dem Code de la route

Ausschnëtter aus dem lëtzebuergesche Code de la route, wat den Trëttoir ugeet[2]:

Artikel 2
« 1.25. Trottoir: partie de la voie publique aménagée en surélévation par rapport à la chaussée et réservée à la circulation des piétons et des catégories d'usagers y assimilées; les quais d'embarquement et de débarquement aménagés dans une gare routière ainsi que la partie réservée aux piétons d'un chemin obligatoire pour cyclistes et piétons ou d'un chemin conseillé pour cyclistes et piétons sont assimilés aux trottoirs. »

Artikel 103
« Les trottoirs sont réservés aux piétons, y compris ceux qui conduisent à la main un cycle, une brouette ou une voiture d’enfants. »

Artikel 104
« 2. L'accès aux parties de la voie publique réservées à la circulation ou à l'utilisation de certaines catégories d'usagers, est interdit aux autres catégories d'usagers . Toutefois, (…) les conducteurs peuvent traverser un trottoir (…) lorsqu'à une intersection ce trottoir (…) sépare une voie publique où la vitesse maximale autorisée n'excède pas 30 km/h de la voie publique sur laquelle elle débouche, à condition de s'approcher du trottoir (…) à vitesse modérée, conformément à l'article 137, paragraphe 1er, et de céder le passage aux usagers qui circulent sur les parties de la voie publique qu'ils traversent, conformément à l'article 136, paragraphe 5. »

Um Spaweck

Commons: Trëttoiren – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Trëttoiren zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Duerchgängeg Trëttoiren zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten