Déi 98. Editioun vum Tour de France gouf 2011 vum 2. bis de 24. Juli gefuer. D'Course hat eng total Distanz vun 3.471 Kilometer. 198 Coureure sinn an 22 Ekippen un den Depart gaangen.
Kaart vum Tour de France 2011D'Ekipp BMC an der aachter Etapp
Se gouf am Generalklassement vum AustralierCadel Evans (BMC Racing) gewonnen. De Lëtzebuerger Andy Schleck (Leopard-Trek) gouf, mat engem Retard vun 1 min 34 s, Zweeten, a säi Brudder a Coequipier Fränk Schleck, op 2 min 30 s, Drëtten.
Um Programm stoungen eelef Flaachetappen, véier Etappe mat Hiwwelen a sechs Biergetappen, dorënner der véier mat Biergarrivée.
Et war den éischten Tour zanter dräi Joer bei deem den Depart a Frankräich ass, an zwar tëscht dem Passage du Gois an dem Mont des Alouettes an der Vendée.
Ongewéinlech war beim Tour 2011, datt et kee Prolog gouf, mä fir d'zweet Kéier iwwerhaapt an der Geschicht vum Tour e Massestart. De Punktesystem fir d'Sprinter a fir d'Grimpeure gouf och reforméiert.
NED Wouter Poels[4] (FRA Vacansoleil-DCM): Wéinst Moproblemer
RUS Pavel Brutt[4] ( RUS Team Katjuscha):Gefall am Ufank vun der Etapp.
ESP Amets Txurruka[4] (Euskaltel-Euskadi):Gefall am Ufank vun der Etapp.
An der Descente vum Pas de Peyrol, eng ronn 100 Kilometer virun der Arrivée, gouf et eng grouss Chute, no där verschidde Coureuren opginn hunn, dorënner e puer Spëtzeleit:
BEL Jurgen Van den Broeck[5] (BEL Omega Pharma-Lotto)
Tour Down Under | Paris-Nice | Tirreno-Adriatico | Milano-Sanremo | Volta Ciclista a Catalunya | Gent - Wevelgem | Ronde van Vlaanderen | Vuelta Ciclista al País Vasco | Paris-Roubaix | Amstel Gold Race | Flèche wallonne | Liège-Bastogne-Liège | Tour de Romandie | Giro d'Italia | Critérium du Dauphiné libéré | Tour de Suisse | Tour de France | Clásica Ciclista San Sebastián | Tour de Pologne | Vattenfall Cyclassics | Eneco Tour | Grand Prix de Plouay | Grand Prix cycliste de Québec | Grand Prix cycliste de Montréal | Tour de Pékin | Giro di Lombardia