Tour de France 2007

Generalklassement
1.Alberto Contador Spuenienan91h00’26’’
2.Cadel Evans Australien+23’’
3.Levi Leipheimer USA31’’
4.Carlos Sastre Spuenien7’08’’
5.Haimar Zubeldia Spuenien8’17’’
6.Alejandro Valverde Spuenien11’37’’
7.Kim Kirchen Lëtzebuerg12’18’’
8.Yaroslav Popovych Ukrain12’30’’
9.Mikel Astarloza Spuenien14’14’’
10.Oscar Pereiro Sio Spuenien14’25’’
189 um Depart, 141 ukomm

Den Tour de France 2007 war déi 94. Editioun vum Tour. E gouf an 23 Deeg, vum 7. Juli bis den 29. Juli gefuer. Den Depart war an England zu London.

Kaart vum Tour 2007

Et war déi zweet Kéier datt den Tour op enger Insel fortgefuer ass. Déi éischt Kéier war den Tour vun 1998, deen an Irland zu Dublin säin Depart hat.

Et waren och zwou Etappen deelweis an der Belsch, an zwar de 27. Juli mat der Arrivée zu Gent, an den 28. Juli mat dem Depart zu Waregem.

Den Tour hat eng Totallängt vun 3.550 Kilometer, an en huet aus 20 Etappen an engem Prolog bestanen. Et goufe 6 Biergetappen, dovun 3 mat der Arrivée op der Spëtz vum Bierg. 11 Etappe ware flaach, an et goufen zwou Etappe géint d'Zäit gefuer.

Op dësem Tour waren zwielef nei Etappestied mat London, Canterbury, Waregem, Villers-Cotterêts, Joigny, Chablis, Semur-en-Auxois, Tignes, Tallard, Mazamet, Cognac a Marcoussis.

De Maillot jaune goung schlussendlech un de Spuenier Alberto Contador, dee gläichzäiteg och beschte jonke Coureur war, d'Punktwäertung vun de Sprinter huet den Tom Boonen fir sech entscheet, de Biergtrikot huet de Mauricio Soler mat heemgeholl, den Amets Txurruka huet de Präis vum Jury fir dee beschte Kamfgeescht kritt, am Ekippeklassement louch Discovery Channel vir.

Mam Kim Kirchen (T-Mobile) an dem Fränk Schleck (CSC) stoungen zanter 24 Joer fir d'éischt nees zwee lëtzebuergesch Coureure gläichzäiteg um Depart. De Kim Kirchen huet op der 15. Etapp als zweete geglänzt an ass duerno am Generalklassement exzellente 7. ginn, wat dat bescht Gesamtresultat vun engem Lëtzebuerger zanter dem Charly Gaul senger 3. Plaz beim Tour vun 1961 ass. De Fränk Schleck ass op déi ëmmer nach respektabel 17. Plaz am Generalklassement gefuer.

Och 2007 huet den Tour sech nees mat Dopingskandaler ploe missen. Virun der 10. Etapp gouf bekannt datt den dee Moment schonn ausgescheetene Patrik Sinkewitz bei einer Trainingskontroll vum 8. Juni 2007 positif getest gouf. ARD an ZDF hunn doropshin direkt opgehale live vum Tour ze senden, Sat.1 huet dat Lach den Dag drop awer nees zougemaach. Um Roudag vum 24. Juli gouf beim Alexander Winokurow Blutdoping bei der 13. a 15. Etapp festgestallt (wat dem Kim Kirchen d'Etappevictoire geklaut huet), seng Ekipp Astana huet sech dowéinst ganz vum Tour zeréckgezunn. De 25. Juli koum dunn eraus datt de Cristian Moreni op der 11. Etapp Testosterondoping bedriwwen hat, seng Ekipp Cofidis zitt sech vum Tour zeréck. Den Owend vum selwechten Dag huet d'Ekipp Rabobank de Michael Rasmussen, dee bis dohin am Maillot jaune gefuer ass, entlooss, well en net nëmmen zweemol seng Trainingsopenthalter net uginn hat, mä anscheinend och eng Kéier e falschen Uert deklaréiert hat.

Etappen

(D'Biergetappe si schif geschriwwen)

EtappDatumStiedkmGewënner vun der EtappGeneralklassement
Prolog7. JuliLondon - London7,9 CLMFabian Cancellara
CHE Schwäiz
Fabian Cancellara
CHE Schwäiz
18. JuliLondon - Canterbury203Robbie McEwen
Australien
Fabian Cancellara
CHE Schwäiz
29. JuliDunkerque - Gent168,5Gert Steegmans
Belsch
Fabian Cancellara
CHE Schwäiz
310. JuliWaregem - Compiègne236,5Fabian Cancellara
CHE Schwäiz
Fabian Cancellara
CHE Schwäiz
411. JuliVillers-Cotterêts - Joigny193Thor Hushovd
Norwegen
Fabian Cancellara
CHE Schwäiz
512. JuliChablis - Autun182,5Filippo Pozzato
Italien
Fabian Cancellara
CHE Schwäiz
613. JuliSemur-en-Auxois - Bourg-en-Bresse199,5Tom Boonen
Belsch
Fabian Cancellara
CHE Schwäiz
714. JuliBourg-en-Bresse - Le Grand-Bornand197,5Linus Gerdemann
Däitschland
Linus Gerdemann
Däitschland
815. JuliLe Grand-Bornand - Tignes165Michael Rasmussen
Dänemark
Michael Rasmussen
Dänemark
917. JuliVal d'Isère - Briançon159,5Mauricio Soler
Kolumbien
Michael Rasmussen
Dänemark
1018. JuliTallard - Marseille229,5Cédric Vasseur
Frankräich
Michael Rasmussen
Dänemark
1119. JuliMarseille - Montpellier182,5Robert Hunter
Südafrika
Michael Rasmussen
Dänemark
1220. JuliMontpellier - Castres178,5Tom Boonen
Belsch
Michael Rasmussen
Dänemark
1321. JuliAlbi - Albi54 CLMCadel Evans
Australien
Michael Rasmussen
Dänemark
1422. JuliMazamet - Plateau de Beille197Alberto Contador
Spuenien
Michael Rasmussen
Dänemark
1523. JuliFoix - Loudenvielle-Le Louron196Kim Kirchen
Lëtzebuerg
Michael Rasmussen
Dänemark
1625. JuliOrthez - Gourette-Col d'Aubisque218Michael Rasmussen
Dänemark
Michael Rasmussen
Dänemark
1726. JuliPau - Castelsarrasin188Daniele Bennati
Italien
Alberto Contador
Spuenien
1827. JuliCahors - Angoulême210Sandy Casar
Frankräich
Alberto Contador
Spuenien
1928. JuliCognac - Angoulême55 CLMLevi Leipheimer  USAAlberto Contador
Spuenien
2029. JuliMarcoussis - Paräis Champs-Élysées130Daniele Bennati ItalienAlberto Contador
Spuenien


Tour de France
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 |12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25
UCI ProTour 2007
Paris-Nice | Milano-Sanremo | Tour Down Under | Tour des Flandres | Vuelta Ciclista al País Vasco | Gent-Wevelgen | Amstel Gold Race | Tour de Romandie | Volta Ciclista a Catalunya | Dauphiné libéré | Tour de Suisse | Clásica Ciclista San Sebastián | Tour de France | Tour de Pologne | Vattenfall Cyclassics | Eneco Tour | Grand Prix Ouest-France

Um Spaweck

Commons: Tour de France 2007 – Biller, Videoen oder Audiodateien