The Undertaker

US-amerikanesche Rénger

De Mark William Calaway, gebuer de 24. Mäerz 1965 zu Houston, am Texas, besser bekannt ënnert sengem Wrestlernumm The Undertaker, ass en US-amerikanesche Catcher.

The Undertaker
Gebuer24. Mäerz 1965
Houston
NationalitéitUSA
AktivitéitCatcher
Gréisst208 Zentimeter
Gewiicht150 kg

Hie steet zanter 1990 bei der amerikanescher Wrestlingliga WWE ënner Kontrakt.

Carrière

Virun der WWE

Vun 1989 bis 1990 war de Calaway bekannt als Mean Mark Callous, a stoung bei der World Championship Wrestling ënner Kontrakt. Am Mäerz 1990 stoung heen kurz als Punisher Dice Morgan bei NJPW am Ring, ier hie bei d'World Wrestling Federation gewiesselt ass.

WWF/WWE

An der WWF entstoung dunn de Gimmick The Undertaker, en Doudegriewer.

De Gimmick gouf dei éischt Kéier bei der WWF Pay-per-view Survivor Series am November 1990 virgestallt.

De Calaway hält de Rekord fir dei meescht Victoiren hannereneen an der Geschicht vu Wrestlemania, nämlech 21.

De Calaway um Réck vum Brock Lesnar bei WrestleMania.

Am Abrëll 2014 koum déi Serie op en Enn, wei hie bei Wrestlemania XXX géint de Brock Lesnar verluer huet.

Titelen

De Calaway mam World Heavyweight Championship bei WrestleMania XXIV.
  • United States Wrestling Association
    • Unified World Heavyweight Championship (1×)
  • World Class Wrestling Association
    • WCWA Texas Heavyweight Championship (1×)
  • World Wrestling Entertainment
    • WWE Championship (4×)
    • World Heavyweight Championship (3×)
    • World Tag Team Championship (2× mat The Big Show, 2× mat Kane, 1× mat Steve Austin, 1× mat The Rock)
    • WCW World Tag Team Championship (1× mat Kane)
    • WWF Hardcore Championship (1×)
    • Royal Rumble (2007)

Um Spaweck

Commons: The Undertaker – Biller, Videoen oder Audiodateien