Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du Nord
- Säit
- Diskussioun
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
![]() D'Kläranlag vum SIDEN zu Maarnech | |
Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord | |
---|---|
Secteur | Ofwaasser |
Leedung | Fernand Mergen |
Verwaltungssëtz | Bleesbréck |
Membergemengen | Ärenzdallgemeng, Bauschelt, Bettenduerf, Biissen, Buerschent, Colmer-Bierg, Dikrech, Ëlwen, Esch-Sauer, Ettelbréck, Feelen, Fiels, Géisdref, Groussbus-Wal, Hiefenech, Ierpeldeng op der Sauer, Kiischpelt, Klierf, Konsdref, Mäerzeg, Noumer, Parc Housen, Pëtschent, Rammerech, Reisduerf, Schieren, Stauséigemeng, Tandel, Veianen, Wäiswampech, Wanseler, Wëntger, Wolz, Verbandsgemeng Neierbuerg, Südeifelwerke |
Gegrënnt | 23. Mäerz 1994 |
Websäit | http://www.siden.lu |
De Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord, ofgekierzt SIDEN, ass e grenziwwerschreidenden interkommunale Syndikat am Norde vu Lëtzebuerg.
Den Ofwaassersyndikat këmmert sech ëm d'Ofwaasser an alles, wat domat ze dinn huet, vu ronn 84.000 Leit aus de 34 lëtzebuergesche Membergemengen[1]. Do derbäikommen och nach zwéi Memberen an Däitschland.
De SIDEN exploitéiert 331 Ofwaasserkollekteren, 92 mechanesch an 89 biologesch Kläranlagen[1].
De SIDEN gouf duerch en Arrêté grand-ducal vum 23. Mäerz 1994[2] agefouert. D'Statute goufen den 29. Oktober 2007 geännert[3].
De Verwaltungssëtz vum Syndikat ass an der Kläranlag op der Bleesbréck; President vum SIDEN ass de Fernand Mergen.
Zanter 2014 sinn d'„Südeifelwerke Irrel AöR“ - als rechtlech Nofollger vun der däitscher Uertsgemeng Irrel a Rheinland-Pfalz - Member vum SIDEN[4]. D'Memberschaft geet zeréck op e Beschloss vum deemolege Gemengerot vun Irrel vum 25. November 2009[5].
432 Awunner vun Irrel profitéiere vum Uschloss un de SIDEN[4].
D'Verbandsgemeng Neierbuerg aus dem rheinland-pfälzeschen Äifelkrees Béibreg-Prüm ass och un de SIDEN ugeschloss[6].
Commons: Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du Nord – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Interkommunal Syndikater |
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW |