Stan Getz

US-amerikaneschen Jazz-Museker

De Stanley Gayetzsky, besser bekannt als Stan Getz, gebuer den 2. Februar 1927 zu Philadelphia an den USA, a gestuerwen de 6. Juni 1991 zu Malibu, war en US-amerikaneschen Jazz-Tenorsaxophonist.

Stan Getz
GebuertsnummStanley Gayetsky
Gebuer2. Februar 1927
Philadelphia
Gestuerwen6. Juni 1991
Malibu
DoudesursaachLiewerkriibs
NationalitéitUSA
AktivitéitSaxophonist, Jazzmuseker, Komponist

Joerzéngte laang huet de Getz a ville Big Bands gespillt, dorënner déi vum Jack Teagarden, Stan Kenton, Jimmy Dorsey a vum Woody Herman.

Weltbekannt gouf de Getz duerch seng populär Bossa nova-Disken, wéi Desafinado zesumme mam Gittarist Charlie Byrd. Säi gréissten Erfolleg hat de Getz mat The Girl fom Ipanema vum Antonio Carlos Jobim, e Lidd, dat de Creed Taylor am Mäerz 1963 zu New York produzéiert huet.

No senger Latin-Jazz-Phas huet de Getz sech nees méi dem Jazz zougedréit.

De Stan Getz ass 1991 gestuerwen, hie war 64 Joer al ginn.

Wierker

  • The Girl from Ipanema (Garota de Ipanema) (geschriwwe vum Antonio Carlos Jobim, Vinicius de Moraes an Norman Gimbel).
    • Stan Getz, Tenorsaxophon
    • João Gilberto, Gittar a Gesank
    • Antonio Carlos Jobim, Piano
    • Tommy Williams, Bass
    • Milton Banana, Perkussioun
    • an der faméiser Stëmm vun der Astrud Gilberto, Gesank

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Stan Getz – Biller, Videoen oder Audiodateien