Stadion (Tramshalt)
- Säit
- Diskussioun
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
![]() | |
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 7. Juli 2024 |
genannt no | Stade de Luxembourg |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Zéisseng |
Koordinaten | 49°34'36"N, 6°6'38"O, 49°34'35"N, 6°6'40"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) | Waassertuerm |
![]() |
Stadion ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 7. Juli 2024 opgaangen ass.
D'Statioun läit beim P+R Stade de Luxembourg am Quartier Zéisseng vun der Stad Lëtzebuerg, südlech vun der Statioun Waassertuerm. Zanter dem 7. Juli 2024, ass se de südlechen Terminus vun der Linn.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel Aéroport[1] | Waassertuerm | Stadion | --- | --- |
D'Statioun läit op der Héicht vum P+R Stade de Luxembourg, an direkter Noperschaft vum Stadion vu Lëtzebuerg, no deem s'och genannt ass.
D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen, eng Vel'oH!-Statioun an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Stade de Luxembourg).
Commons: Stadion (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |