Sponde (Mound)

Jupitermound


De Sponde (Jupitermound XXXVI) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

XXXVI Sponde
(Jupiter XXXVI)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 5
ZentralkierperJupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs23.487.000 km
Periapsis16.159.000 km
Apoapsis30.815.000 km
Exzentrizitéit0,3121
Ëmlafzäit748,34 Deeg
Ëmlafvitess2,28 km/s
Inklinatioun151,00°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser2 km
Dicht2,6 g/cm3
Albedo0,04
Visuell Magnitude (mag)23,0
Entdeckung
EntdeckerIFA Hawaii
Entdeckungsdatum9. Dezember 2001

Entdeckung

De Sponde gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 5.

De Mound gouf no der Sponde, enger Gëttin aus der Griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten

De Mound Sponde kreest op enger mëttlerer Distanz vun 23.487.000 km an der Zäit vu 748 Deeg, 8 Stonnen an 10 Minutten ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,3121. Mat enger Inklinatioun vun 150,998° ass d'Bunn retrograd, dat heescht, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Sponde zu der Pasiphae-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Pasiphae.

Physikalesch Daten

De Sponde huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet méiglecherweis haaptsächlech aus Silikatgestengs.De Sponde huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,0m.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck