Shannen Doherty

US-amerikanesch Schauspillerin
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerungen, bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (GilPe), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann Dir näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen, nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

D'Shannen Maria Doherty, gebuer den 12. Abrëll 1971 zu Memphis (Tennessee) a gestuerwen den 13. Juli 2024 zu Malibu (Kalifornien), war eng US-amerikanesch Schauspillerin an Déiererechtsaktivistin déi absënns duerch d'Televisiounsserië Beverly Hills, 90210 an Charmed bekannt gouf.

Shannen Doherty
GebuertsnummShannen Maria Doherty
Gebuer12. Abrëll 1971
Memphis
Gestuerwen13. Juli 2024
Malibu
DoudesursaachBroschtkriibs
NationalitéitUSA
EducatiounYoung Actors Space
AktivitéitTelevisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Autobiograph, Theaterschauspiller, Regisseur, Televisiounsproduzent
ParteiRepublican Party

Karriär

D'Shannen Doherty gouf als Duechter vum Tom a Rosa Doherty gebuer ginn. Hir éischt Televisiounsroll war 1981 e Gaaschtoptrëtt an der Televisiounsserie Father Murphy. De Michael Landon, deen Auteur a Regisseur vun der Serie war, war esou vun der Shannen Doherty hirer Leeschtung beandrockt, datt hie si fir seng Televisiounsserie Little House on the Prairie engagéiert huet. Si huet du vun 1982 bis 1983 an der Serie d'Roll vun der Jenny Wilder gespillt a gouf esou fir e méi grousse Publikum bekannt. Se hat duerno nach eng Rëtsch vu Gaaschtoptrëtter a verschiddenen Televisiounsserien a Rollen an Televisiounsfilmer, ier se 1988 eng Roll am Spillfilm Heathers krut.

Vun 1990 bis 1994 huet si d'Roll vun der Brenda Walsh an der erfollegräicher Televisiounsserie Beverly Hills, 90210 gespillt. Déi Roll war den Duerchbroch an hirer Karriär, si hat awer Problemer mat der stënterlecher Renommée déi si doduerch krut. D'Boulevardpress huet iwwer hir Affären a Alkoholexzesser geschriwwen. Op den Tournage koum et zu Spannungen an zu enger Rëtsch Streidereien ënnert den Acteuren, sou datt si schlussendlech vum Produzent Aaron Spelling entlooss gouf.

Vun 1998 bis 2001 huet si an der Tëleesserie Charmed d'Roll vun der Prudence Halliwell gespillt. Wéinst engem Sträit mat der Produktiounsfirma war si no der drëtter Saison net méi an der Serie mat dran.

Nieft verschiddene Moderatiounen oder Co-Moderatioune vun Tëleesshowen hat si nieft der Gina Gershon an dem Randy Quaid eng Haaptroll am Televisiounsfilm Category 7: The End of the World (2005) an huet och 2007 am Film Christmas Caper matgespillt.

An de Joren 2008 an 2009 huet si a siwen Episoden an engem Spin-off vu Beverly Hills, 90210 nees eng Kéier d'Roll vun der Brenda Walsh gespillt.

Am Fréijoer 2010 huet si an der zéngter Saison vun der amerikanescher Televisiounsshow Dancing with the Stars matgemaach. Am Oktober vum selwechte Joer war s'am Tëleesfilm Growing the Big One ze gesinn an am Joer 2012 als Gretel am Horrorfilm Witchslayer Gretl um Tëlesssender Syfy.

Am Mäerz 1994 an am Dezember 2003 huet d'Shannen Doherty fir d'US-amerikanesch Editioun vum Playboy poséiert.

Déiereschutz

D'Shannen Doherty war Vegetarierin an huet sech dofir agesat, datt Honds- a Kazefleesch net vu Mënschen dierft konsuméiert ginn an datt richtegen Déierepelz grad ewéi Krokodilshaut net an der Moudenindustrie dierft gebraucht ginn.

Si war och eng aktiv Ënnerstëtzerin vu Sea Shepherd, enger Organisatioun déi sech fir de Schutz vun de Mierer asetzt.

Filmographie

Méi Informatioun doriwwer am Artikel Shannen Doherty Filmographie (en)

Um Spaweck

Commons: Shannen Doherty – Biller, Videoen oder Audiodateien