Seleukos vu Seleukia

De Seleukos vu Seleukia, gebuer ëm 190 v. Chr., och heiansdo: Seleukos vu Babylon war e griicheschen Astronom vum 2. virchrëschtleche Joerhonnert. Vun him ass eng Schrëft bekannt, an där hien dat Heliozentrescht Weltbild, dat den Aristarchos vu Samos entwéckelt hat, verdeedegt huet. An der selwechter Schrëft gëtt et och eng Diskussioun vun de Gezäiten, déi, wéi hien et richteg gemierkt hat, duerch den Äerdmound ausgeléist gëtt.

Seleukos vu Seleukia
Gebuer190er v. Chr.
Gestuerwen2. Joerhonnert v. Chr. jul.
AktivitéitAstronom, Mathematiker, Philosoph

Kuckt och

Portal Astronomie