Schabloun:WDS
Wousst Dir schonn datt…
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/cc/Kursaal_De_Balkon_haut.jpg/120px-Kursaal_De_Balkon_haut.jpg)
- … de Ciné Kursaal vu Rëmeleng, och nach den Ale Kino genannt, deen eelste Kino zu Lëtzebuerg ass, deen nach haut a Betrib ass?
- … den Edouard Luja (1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden, eng 130 bis dohin onbekannt Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvun der eng Partie säin Numm kruten, z. B. d'Acacia Lujaei oder d'Eulophia Lujaeana?
- ... de Milbekéis eng Spezialitéit aus Sachsen-Anhalt ass, deen duerch d'Exkrementer vun e puer Millioune Milben, déi drop sëtzen, zeideg gëtt, a sou säin typesche Goût kritt?
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/91/Blason_d%C3%A9partement_fr_Var.svg/80px-Blason_d%C3%A9partement_fr_Var.svg.png)
- ... d'franséisch Schrëftstellerin Simone de Beauvoir en Urenkelkand vum Hubert Brasseur war, engem vun de Matgrënner vun der Brasseurs Schmelz zu Esch?
- ... de Var dat eenzegt franséischt Departement ass, dat no engem Floss genannt ass (dem Var), deen hautdesdaags guer net derduerchleeft?
- ... op de Baupläng vun der Rouder Bréck zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?
🔥 Top keywords: Haaptsäit1864AntiquitéitProjektiounsmodellHenri CornetCamille DimmerKategorie:GuatemalaKategorie:Norwegesch MusekerMikronesienSpezial:SichenAlbanienKategorie:KamerunZweete WeltkrichSpezial:Rezent ÄnnerungenMilano-Sanremo25. AbrëllKuwaitMichel MajerusKategorie:Gebuer 1952Fred JunckWikipedia:KontaktWikipediaSitcomLëtzebuerg (Land)Wikipedia:De StamineeLëscht vu lëtzebuergeschen OlympionickenD'Tatta DillendappSchabloun:AVDW R50Wikipedia:CommunautéitssäitKategorie:Sloweenesch SchachspillerWikipedia:AktualitéitHémechtAn American Werewolf in ParisBenotzer Diskussioun:VolvoxSociété anonyme des hauts-fourneaux de DifferdangeEd LauterWikipedia:General disclaimerDëppegéisser (Museksgrupp)Diks