Sagittarius (Stärebild)

De Sagittarius ass e Stärebild op der Ekliptik.

Date vum Stärebild Sagittarius
Lëtzebuergeschen NummSchëtz
Laténgeschen NummSagittarius
Laténgesche GeenitivSagittarii
Laténgesch OfkierzungSgr
LagEkliptik
Rektaszensioun17h 43m bis 20h 29m
Deklinatioun-11° 40’ bis -45° 15’
Fläch867 Quadratgrad
Ze gesinn op Breedegraden55° Nord bis 90° Süd
Bescht ObservatiounszäitSummer
Stäre mat der Gréisst < 3m7
Hellst StärenKaus Australis 1,9m
Nopesch Stärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Aquila
Scutum
Ophiuchus
Scorpius
Corona Australis
Telescopium
Microscopium
Capricornus
Kaart vum Stärebild Sagittarius. Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer

Beschreiwung

De Schëtz ass dat südlechst Déierekreeszeechen a läit tëscht dem Scorpius an dem Capricornus.

Déi hellst Stäre vum Sagittarius bilden eng Form, déi un en Téibiz erënnert. Am englesche Sproochraum gëtt dofir dacks och „Teapot“ gesot.

De Sagittarius läit am stäreräichste Beräich vun der Mëllechstrooss. An dëser Richtung ass den Zentrum vun eiser Galaxis. Dofir fënnt een am Schëtz vill niwweleg Objete wéi oppe Stärekéip, Kugelstärekéip a Gasniwwel.

Duerch de Sagittarius zitt sech d'Ekliptik, dofir wanderen d'Sonn, den Mound an d'Planéiten duerch d'Stärebild. Et gehéiert zu den Déierekreeszeechen. Wéinst der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs ass den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang net méi de selwechte wéi an der Antiquitéit. D'Sonn steet vum 17. Dezember bis den 20. Januar am Stärebild.

Geschicht

Stärebild Sagittarius

Den Ursprong vum Stärebild geet warscheinlech op e fréiert Reidervollek zeréck, a gouf vun de Sumerer iwwerholl.

Bei de Babylonier verkierperen d'Stären Pabilsag, e Gott mat engem Léiwekapp a Flilleken.

Fir d'Egypter an d'Inder stellt d'Stärebild e Reider oder e Bouschëtz duer.Bei de Griichen an der Antiquitéit existéieren ënnerschiddlech Deitungen. Sou gesäit een doran e weideren Zentaur Centaurus um Himmel oder de Krotos, e Mënsch, deen d'Konscht vum Bouschéissen erfonnt huet.

De Schëtz gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller, déi vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Am Joer 1932 huet de Karl Jansky am Sagittarius eng staark Radioquell entdeckt, de Sagittarius A*. No dem haitege Fuerschungsstand handelt et sech dobäi ëm ee supermassiivt Schwaarzt Lach mat ongeféier 3,7 Millioune Sonnenmassen am Zentrum vun der Mëllechstrooss.

Himmelsobjeten

BFNumm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
ε20Kaus Australis1,79m145B9.5 III
σNunki2,05m224B2.5 V
ζ38Askella2,60m89A3 IV
δ19Kaus Medius2,72m306K3 III
λ22Kaus Borealis2,82m77K1 IIIb
π41Albaldah2,88m440F2 II/III
γ210Al Nasl oder Nash2,98m96K0 III
η3,10m149M2 III
φ273,17m231B8.5 III
τ403,31m120K1 / K2III
ξ2373,52m372G8 / K0II/III
ο39Manubrij3,76m139K0 III
μ13Polis3,84mB2 III
ρ1443,92m122F0 III/IV
αRukbat2,98m170B8 V
β1Arkab Prior3,96m378B9 V
ι4,12m189K0 III
β2Arkab Posterior4,72m139F2 III
θ14,37m618B2.5 IV
V38724,43m448M4 III
υ464,52m1673F2p
3X4,53m1077F7 II
b159Terebellum4,54m1208K3 III
HR 67664,55m348K0 III Cnpvar
h2524,59m189B8 / B9V
HR 68424,66m700K3 III
γ14,66m2078G0 Ib/II
ω58Terebellum4,74m78G3 / G5 III
44,74m437B9 V
HR 76524,77m405K4 III
214,81m597A1 / A2V
604,84m341G8 II/III
ν132Ain al Rami4,86m1853K1 II
ψ4,86m330K0 / K1III
HR 70294,86m451B2 V
f564,87m205K0 III
d434,88m536K0 III
114,96m244K0III
HR 76594,99m325K1 III/IV
ν2355,00m270K1 Ib/II
HR 66935,00m935K5 / M0III
615,01m292A2 V
χ1475,02m221A4 IV/V
ξ1365,02m5018B9.5 Ib
e2555,06m175F3 IV/V
HR 69445,12m213B9 / B9.5 V
295,22m750K2 III
HR 69605,28m2234B2 III/IV
155,29mB0/1Ia/ab
θ25,30m157A4 / A5IV
HR 77035,32m20K2 V
V39615,32m339A0p
V40505,33m619B7 Ib/II
75,37m1106F2 / F3 II/III
HR 69365,37m350A5 V
285,37m1279K5 III
χ35,45m506K3 III
HR 74545,46m101F7 V
HR 73985,46m254K1 / K2 III
145,49m506K2 III
245,49m3434K3 III
HR 74965,49m120F5 V
HR 72115,49m546A0 V

Den hellste Stär am Schëtz ass den ε Sagittarii. E "steet" op enger Distanz vun 145 Liichtjoer an ass e bloe Risestär mat der 250facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Am Teleskop erschéngt hien als Duebelstär. An engem Ofstand vun 3,3 Bouminutte gëtt e Stär vun der 7. Gréissteklass siichtbar. Et handelt sech allerdéngs net ëm ee Stäresystem. Déi zwéi Stäre leien, vun der Äerd aus gesinn, an der selwechter Richtung.
Den Numm Kaus Australis ass aus dem laténgeschen an arabeschen zesummegesat a bedeit „Südleche Bou“.

De σ Sagittarii, och e bloe Ris, läit op enger Distanz vun 245 Liichtjoer.

Den Numm Nunki geet op de Gott vun der Sumerer zeréck.

De ζ Sagittarii dréit op enger Distanz vun 89 Liichtjoer. Et ass e Stär dee wäiss liicht, vun der Spektralklass A3.
Den Numm Askella bedeit „Achsel“ (vum Schëtz).

Deen orange γ2 Sagittarii ass 96 Liichtjoer ewech a gehéiert der Spektralklass K0 III un.
Den Numm Alnasl kënnt aus dem arabeschen an heescht sou vill wéi „Feilspëtzt“.

Den α Sagittarii ass net, wéi meeschtens, den hellste Stär vum Stärebild, mä nëmmen e Stär vun der 3. Gréissteklass. Hie steet op enger Distanz vun 170 Liichtjoer. Säin Numm Rukbat kënnt aus dem Arabeschen a bezeechent de „Knéi“ vum Schëtz.

SystemGréisstOfstand
μ
υ
StärGréisstPeriodTyp
R6,7 bis 12,8m268,8 DeegMira-Typ
W4,3 bis 5,1m7,595 DeegCepheiden
X4,3 bis 4,9m7,011Cepheiden
RY6,0 bis 15mR-Corona-Borealis-Stär
RR6 bis 14m334,6Mira
RU6 bis 14m240,3Mira

W an X Sagittarii si verännerlech Stäre vum Typ Cepheiden. Dës Stäre pulséiere reegelméisseg a veränneren dobäi hir Hellegkeet.

RR und RU Sagittarii si Verännerlecher vum Typ Mira. Stäre vun dësem Typ weisen iwwer laang Zäitraim staark Hellegkeetsschwankungen op.

Messier- anNGC-Objeten

Messier (M)NGCdiverseGréisstTypNumm
M 86253Lagunenniwwel5,8mGasniwwel
M 1766187,0mGasniwwelOmeganiwwel, Schwanenniwwel
M 1866136,9mOppene Stärekoup
M 2065148,5mGasniwwelTrifidniwwel
M 2165315,9mOppene Stärekoup
M 2266565,1mKugelstärekoup
M 2369495,5mOppene Stärekoup
M 244,6mUsammlung vu Stären
M 25IC 47254,6mOppene Stärekoup
M 2866265,1mKugelstärekoup
M 5467157,6mKugelstärekoup
M 5568096,4mKugelstärekoup
M 6966377,6mKugelstärekoup
M 7066818,0mKugelstärekoup
M 7568648,5mKugelstärekoup
66377,6mKugelstärekoup
65228,6mOppene Stärekoup
65448,3mKugelstärekoup
65468,0mOppene Stärekoup
65538,3mKugelstärekoup
65688,6mOppene Stärekoup
65957,0mOppene Stärekoup
66458,5mOppene Stärekoup
66498,9mOppene Stärekoup
66528,9mOppene Stärekoup
67167,5mOppene Stärekoup
67237,3mKugelstärekoup
681810,0mPlanetareschen Niwwel
68228,8mGalaxieBarnard-Galaxie

Am Schëtz ass eng Villzuel vun niwwelegen Objeten ze gesinn. 15 Stéck huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog (Messier-Katalog) opgeholl. De Schëtz ass domat dat Stärebild mat deene meeschte Messierobjeten.

D'Stären, d'Gas- an Donkelwolleke vun der Mëllechstrooss verspäeren allerdéngs d'Siicht op weider Objeten, déi méi wäit ewech leien. Dofir ass am Schëtze nëmmen eng hell Galaxie ze gesinn.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Sagittarius – Biller, Videoen oder Audiodateien