De Sëtz vun der RAS zanter 1874 – Burlington House zu London, am Joer 2004.
D'Royal Astronomical Society (RAS) huet als Astronomical Society of London am Joer 1820 ugefaangen. Fir d'astronomesch Fuerschung z'ënnerstëtzen, déi zu där Zäit méi vun Amateurastronome wéi vu professionelle bedriwwe gouf, gouf si 1831 duerch de Kinnek William IV. als Royal Astronomical Society nei gegrënnt. Zanter 1915 sinn och Fraen als Member zougelooss. Si ass déi englesch Memberorganistioun vun der International Astronomical Union an ass Member vum Science Council.
Eng vun den Haaptaktivitéite vun der RAS ass d'Verëffentlechung vu wëssenschaftlechen Zäitschrëften. Si verëffentlecht z.Z. zwou weltwäit féierend Fuerschungszäitschrëften, d'MNRAS an der Astronomie an, an der Geophysik, zesumme mat der Deutschen Geophysikalischen Gesellschaft (GJI), d'A&G. Béid Zäitschrëfte bréngen, op Héichglanzpabeier, Iwwersiichts- an aner Artikele vun allgemengem Interessi eraus. Déi vollstänneg Lëscht vun de Zäitschrëften, déi vun der RAS verëffentlecht ginn, steet hei, mat hiren Ofkierzunge vun der NASA ADS a bibliographeschem Code:
Memoirs of the Royal Astronomical Society (MmRAS): 1822 – 1978
Membere vun der RAS ginn Fellows (Kärelen) genannt a kënne FRAS als Nummzousaz féieren. D'Memberschaft ass fir jiddwereen iwwer 18 Joer op, deen der Gesellschaft akzeptabel erschéngt. D'Zuel vun de Memberen huet am Joer 2003 fir d'éischt déi 3000 iwwerschratt.
D'Gesellschaft organiséiert reegelméisseg all Mount Diskussiounssëtzungen iwwer Theemen aus der Astronomie an der Geophysik, déi normalerweis all zweete Freideg am Mount vu September bis Juni zu London ofgehale ginn.
Zesumme mat der Geological Society of London, ënnerstëtzt d'Gesellschaft déi British Geophysical Association.
Den éischte President vun der Royal Astronomical Society war den Wilhelm Herschel, deen allerdéngs ni eng Sëtzung geleet huet. Zanterhier ass dëse Poste vu ville gudden Astronome bekleet ginn.