Rope (Film 1948)

US-amerikanesche Film vum Alfred Hitchcock

Rope ass en US-amerikanesche Film vum Regisseur Alfred Hitchcock aus dem Joer 1948 no engem Theaterstéck vum Patrick Hamilton. Et ass dem Hitchcock säin éischte faarwege Film.

Rope
Film
ProduktiounslandUSA
Produktiounsjoer1948
Première1948
Dauer80 min
FaarfFaarweg
 Technicolor
Format1,37:1
Filmformat35 mm
OriginalsproochEnglesch
Ekipp
RegieAlfred Hitchcock
DréibuchHume Cronyn
Arthur Laurents
no engem Theaterstéck vum
Patrick Hamilton
FotografieWilliam V. Skall
Joseph Valentine
MusekDavid Buttolph
SchnëttWilliam H. Ziegler
DekorenPerry Ferguson
ProduzentWarner Bros.
Transatlantic Pictures
Produktiouns-
gesellschaft
Warner Bros.
Schauspiller
James Stewart als Rupert Cadell
Farley Granger als Phillip
John Dall als Brandon
Dick Hogan als David Kentley
Edith Evanson als Mrs. Wilson
Cedric Hardwicke als Kentley
Joan Chandler als Janet
Douglas Dick als Kenneth
Alfred Hitchcock
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

De Brandon an de Philipp, zwéi Studenten erwiergen an hirem Appartement mat engem Seel hire Kolleeg David. Owes invitéiere se dann an dat Appartement hire Professer Cadell, d'Famill vum David an dem David seng Frëndin ...

Cameo-Optrëtt vum Hitchcock

Den Hitchcock ass am Ufank vum Film ze gesinn wéi hien op enger Strooss geet.

Soss

De Film ass sou gefilmt, datt een d'Impressioun huet, e wier "un engem Stéck": Et gëtt (bal) kee Schnëtt tëscht Astellungen, mä et ass d'Kamera, déi hin an hier fiert, fir, je no Dramaturgie, d'Handlung aus verschiddene Bléckwénkelen an Distanzen opzehuelen. Dofir hu wärend der Opnam am Studio, d'Dekoren, déi net am Bild waren, ëmmer nees missen hin an hier geréckelt ginn, fir Plaz fir d'Kamera ze maachen. Well d'Filmbobinne just 10 Minutte laang waren, ass do, wou s'ophalen, eng Persoun oder eng Saach, déi d'Szeen kuerz verdeckt, am Bild, sou datt de Wiessel op eng nei Bobinn (och häerno bei der Projektioun) net soll opfalen.

Um Spaweck