Roger Behm

lëtzebuergesche Boxer an Olympionik

De Roger Behm, gebuer de 25. Mäerz 1929 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 30. November 2005, war e lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.[1] A senger aktiver Karriär huet hien 125 Kämpf ausgedroen: 22 Néierlagen, aachtmol Remis a 95 Victoiren. Hie war vun 1946 bis 1953 Lëtzebuerger Landesmeeschter.

Roger Behm
Gebuer25. Mäerz 1929
Gestuerwen30. November 2005
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitBoxer

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London am Bantamgewiicht vertrueden, wou hie géint den irlännesche Meeschter Willi Linehan verlueren huet.[2]

Duerno huet hien als Profiboxer fënnefmol gewonnen, dräimol verlueren an dräimol e Remis erreecht. Et ass ze bemierken datt de Roger Behm als eenzege Lëtzebuerger vum bekannten Amerikanesche Boxjournalist Nat Fleischer am Boxmagazine The Ring, an der Editioun vum Juli 1950, an engem Artikel vun drësseg Zeile positiv beschriwwe ginn ass. Ënner enger Foto vun him stoung "Luxembourg has a good -Cooking feather- weight youngster in Roger Behm".[3]

No senger aktiver Karriär gouf hien Trainer a sengem Veräin Boxing Club Le Gant d'Or Luxembourg a war och nach zéng Joer Masseur am Foussballveräin Union Lëtzebuerg.

Kuckt och


Referenzen