Robert Bruch
- Säit
- Diskussioun
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
Robert Bruch | |
---|---|
![]() De Robert Bruch, (c)Nationalbibliothéik | |
Gebuer | 29. Januar 1920 Bouneweg |
Gestuerwen | 22. Juli 1959 Sandweiler |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dialektolog, Philolog, Linguist |
![]() |
De Robert Bruch, gebuer den 29. Januar 1920 zu Bouneweg a gestuerwen den 22. Juli 1959 an engem Autosaccident zu Sandweiler, ass ee vun deene Lëtzebuerger Philologen an Dialektologen, déi am Ausland am meeschte bekannt sinn.
De Robert Bruch huet am Atheneum zu Lëtzebuerg studéiert an zugläich och déi béis Virkrichs- an nationalsozialistesch Annexiounsjore materlieft. Kuerz agespaart, dunn ënner Opsiicht, konnt hie germanesch a romanesch Philologie studéieren, fir d'éischt zu München an dann zu Erlangen. Da koum d'Zwangsrekrutéierung an d'Wehrmacht, d'Russlandfront an d'Gefaangenelager zu Tambow. Enn 1945 koum hien an d'Land zeréck. 1946 huet e Philologie zu Paräis op der Sorbonne studéiert. Zugläich gouf en och dee jéngste Member a Sekretär-Redakter vun der nei ernannter Dictionnairescommissioun. 1951-1952 huet de Robert Bruch e Studienopenthalt beim Walther Mitzka am Archiv vum Däitsche Sproochatlas zu Marburg gemaach. 1953 gouf säin Haaptwierk Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen publizéiert.
De Robert Bruch war Professer am Jongelycée um Lampertsbierg an huet och gär a pedagogesche Froen e Wiertche matgeschwat.
Den 22. Juli 1959 ass deen international bekannte Sproochwëssenschaftler an engem Autosaccident ëmkomm.
De Robert Bruch ass speziell bekannt duerch seng ëmstridden, mä groussaarteg Dokterthees vum "westfränkesche Krees". A senger Dokteraarbecht Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen huet hie sech fir d'West-Ost-Stréimungen an der europäescher Vëlkerwanderung agesat, an dat zousätzlech zu deem vum Süden aus gezeechente bekannte "rheinische Fächer", deen allgemeng ervirgehuewe gouf, a géint d'Opfaasung vun der Bonner Schoul, déi nëmmen op d' Ost-West-Stréimungen higewisen hat. Mat allméiglechen ethnokulturellen a sproochlechen Argumenter versicht de Bruch d'Thees vum groussen Abenteuer vun de Franken z'ënnerstëtzen. Engersäits wieren d'Ripuarier aus dem Nord-Osten de Rhäin an d'Musel erof bis an d'alemannescht Elsass an an d'Schwäiz komm. Anerersäits hätten d'Salier sech an Ost-West-Stréimunge duerch Nordeuropa beweegt an dann, no Süden hin, d'Île-de-France an de Paräisser Baseng vun haut besidelt, éier se nees, méi oder manner zweesproocheg, géint den Osten hi bis an d'Loutrengen an d'Saar virgestouss wieren. D'Franken hätte sech sou ëm d'5. Joerhonnert erëm vereenegt (Clovis I.!). E groussen Deel vun der Sproochegrenz a vun der méisproocheger Kultur an eise Géigende géif sech och domat erkläre loossen.
Dem imaginative Robert Bruch seng grandios Thees gouf ufanks vun däitschsproochege Spezialiste kritiséiert (Bach, Frings, Steinbach), mä si ass och begeeschtert vun aneren Experte vu Marburg (Mitzka) a Paräis (Fourquet, G. Zink) ugeholl ginn. Zu Lëtzebuerg ass se ganz gutt ukomm, soudatt se vill zur offizieller "mythescher" Opfaassung bäigedroen huet, déi aus dem Land a senger Sprooch e "Land an der Mëtt", en "État d'entre-deux", en Uert vun der "Koexistenz vun de romaneschen a germanesche Welten", kuerz e "multikulturelle Mikrokosmos am Häerz vum Europa" mécht. Dës Mischkultur als "lëtzebuergescht Bestëmmungs- an Identitéitszeechen" géif sech dann och am Lëtzebuergeschen als spezifesche germaneschen Dialekt refletéieren, dee sech eng Hellewull vu romaneschen, wallouneschen a franséische Charakteristiken agegliddert hätt.
Dat ass näischt Aneschtes wéi eng Emblematiséierung vum Philolog an Dialektolog Robert Bruch, eng kulturpolitesch Konstruktioun déi dacks mëssbraucht gouf a gëtt. (Cf. Jean-Paul Hoffmann: "Dëm Robert Bruch seng Geschicht vum Lëtzebuergeschen ass am Laf vun de Joerzéngten zu engem reegelrechte Mythos ginn, - dem Grënnungsmythos vun der sproochlecher Identitéit als där eigentlecher Basis vun deem, wat et heescht, Lëtzebuerger ze sinn"[Source?]).
(Bäiträg iwwer Literatur a pedagogesch Froe fënnt een och in: Hess J., Robert Bruch, Bulletin Linguistique et Ethnologique, Luxembourg, Institut Grand-Ducal..., fasc. 10 (1963), 42 à 50)
Autoritéitskontroll |
|
---|