Risestär
E Risestär oder Iwwerris (oder och einfach nëmme Ris) ass e Stär mat iwwerduerchschnëttlech groussem Duerchmiesser an iwwerduerchschnëttlech grousser Liichtkraaft, deen am Hertzsprung-Russell-Diagramm (HRD) däitlech iwwer der Haaptrei läit.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4e/HR-diag-no-text.svg/350px-HR-diag-no-text.svg.png)
Absziss: Faarfindex
Ordinate: absolut Hellegkeet
0, Ia, Ib: Iwwerrisen, II: Hell Risen, III: Risen, IV: Ënnerrisen, V: Haaptsequenz (Zwergen), VI: Ënnerzwergen, VII: Wäiss Zwergen
Et ënnerscheet ee véier Aarte vu Risen:
- Ënnerrisen, Stäre mat der Liichtkraaftklass IV. Si sinn am HRD tëscht dem Risenaascht an der Haaptrei.
- (Normal) Risen mat der Liichtkraaftklass III. Si maachen am HRD de Risenaascht.
- Hell Risen, Stäre mat der Liichtkraaftklass II. Si sinn am HRD iwwer den normale Risen.
- Iwwerrisen, Stäre mat der Liichtkraaftklass I. Opgrond vun hirer nach héijer Liichtkraaft leie si am HRD nach iwwer den helle Risen.
A spéide Spektralklasse läit de Stralungsmaximum vu Risen am roude Spektralberäich. Si ginn dofir an dësem Stadium och als Rout Rise respektiv Rout Iwwerrise bezeechent. Entspriechend bezeechent ee Risen a mëttleren oder fréie Spektralklassen als Giel oder Blo Risen.
Kuckt och
🔥 Top keywords: Haaptsäit1864AntiquitéitProjektiounsmodellHenri CornetCamille DimmerKategorie:GuatemalaKategorie:Norwegesch MusekerMikronesienSpezial:SichenAlbanienKategorie:KamerunZweete WeltkrichSpezial:Rezent ÄnnerungenMilano-Sanremo25. AbrëllKuwaitMichel MajerusKategorie:Gebuer 1952Fred JunckWikipedia:KontaktWikipediaSitcomLëtzebuerg (Land)Wikipedia:De StamineeLëscht vu lëtzebuergeschen OlympionickenD'Tatta DillendappSchabloun:AVDW R50Wikipedia:CommunautéitssäitKategorie:Sloweenesch SchachspillerWikipedia:AktualitéitHémechtAn American Werewolf in ParisBenotzer Diskussioun:VolvoxSociété anonyme des hauts-fourneaux de DifferdangeEd LauterWikipedia:General disclaimerDëppegéisser (Museksgrupp)Diks