Riccardo Cucciolla

italieenesche Schauspiller

De Riccardo Cucciolla, gebuer de 5. September 1924 zu Bari a gestuerwen de 17. September 1999 zu Roum, war en italieenesche Schauspiller.

Riccardo Cucciolla
Gebuer5. September 1924
Bari
Gestuerwen17. September 1999
Roum
NationalitéitItalien, Kinnekräich Italien
AktivitéitTheaterschauspiller, Filmschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller, Schauspiller

Hien huet an enger 90 Kinos- an TV-Filmer eng Roll iwwerholl. Hien huet a bedeitende Filmer wéi: Sacco e Vanzetti (1971) vum Giuliano Montaldo, Un flic (1972) vum Jean-Pierre Melville, Le hasard et la violence (1973) vum Philippe Labro an Il pleut sur Santiago (1975) vum Helvio Soto matgespillt.

Filmographie

Kino

Um Spaweck