Ricardo Bofill

De Ricardo Bofill Leví, gebuer de 5. Dezember 1939 zu Barcelona an och do de 14. Januar 2022 gestuerwen, war e spueneschen Architekt am postmoderne Stil.

Ricardo Bofill
GebuertsnummRicardo Bofill Leví
Gebuer5. Dezember 1939
Barcelona
Gestuerwen14. Januar 2022
Barcelona
NationalitéitSpuenien
EducatiounUniversitéit vu Genf
AktivitéitArchitekt, Urbanist, Filmregisseur, Schrëftsteller
Famill
Bestuet matSerena Vergano
Liewenspartner(in)Serena Vergano

No sengem Architekturstudium zu Barcelona an zu Genf huet hien 1963 a senger Heemechtsstad säi Cabinet, den Taller de Arquitectura, gegrënnt. 1971 huet hien zu Paräis eng Filial opgemaach, wou en an den 1980er Jore verschidde Citéën entwéckelt huet.

2000 goung en hannescht op Barcelona, wou säin "Architekturatelier" an engem alen Zementwierk ënnerburecht ass.

Zu senge bekanntsten Entwërf zielen d'Citéen Espaces d'Abraxas zu Noisy-le-Grand a Les Arcades au Lac zu Saint-Quentin-en-Yvelines, de Quartier Antigone zu Montpellier oder awer de W Hotel zu Barcelona a Form vun engem Seegel. Zu Lëtzebuerg huet hien den Entworf vun der Place de l'Europe um Kierchbierg gemaach, mat ë. a. den zwéin Tierm vun der Porte de l'Europe.

Buch

  • Ricardo Bofill: La Arquitectura de un hombre. Madrid 1984

Literatur

Um Spaweck

Commons: Ricardo Bofill – Biller, Videoen oder Audiodateien