Reticulum (Stärebild)

D'Netz, op laténgesch: Reticulum ass e Stärebild vum Südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Reticulum
Lëtzebuergeschen NummNetz
Laténgeschen NummReticulum
Laténgesche GeenitivReticuli
Laténgesch OfkierzungRet
Positiounsüdlechen Himmel
Rektaszensioun3h 13m bis 4h 37m
Deklinatioun-67° bis -52°
Fläch114 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden23° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Reticuli,
3,33m
Meteorstréim-
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Horologium
Hydrus
Dorado
Kaart vum Stärebild Reticulum

Beschreiwung

D'Netz ass e klengt, awer markant Stärebild nërdlech vun der Grousser Magellanescher Wollek (LMC). Véier Stäre formen eng Raut.

Geschicht

D'Stärebild huet fréier "Rhombus" geheescht a war am Joer 1624 vum schlesesche Kartograph Jacob Bartsch agefouert ginn.

Am Joer 1752 huet de franséischen Astronom Nicolas-Louis de Lacaille a „Reticulum Rhomboidalis“ (rhombescht Netz) ëmbenannt. Et stellt keen Netz am geleefege Sënn duer, mä en astronomescht Moossinstrument: Eng Glasplak mat engem Netzmuster vun agravéierte Linnen, déi virun en Okular abruecht konnt ginn (z. B. e Fuedemkräiz). Et ass domat eent vun deene Stärebiller, déi de Lacaille no techneschen Instrumenter benannt huet.

Himmelsobjeten

Stären

BFNimm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
α3,33m163G7 III
β3,84m100K0 IV SB
ε4,44m59K2 IV
γ4,48m491M4 III
δ4,56m530M2 III
κ4,7170F5 IV-V
ι4,97331K4 III
ζ25,2439G1 V
η5,24380G7 III
HR 13405,45267K0 III

Den β  Reticuli läit op enger Distanz vun 100 Liichtjoer. De Stär liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 IV.

ObjetGréisstOfstand
α3,33 / 12m
ζ Reticuli5,24 / 5,54m310"

D'Duebelstäresystem α  Reticuli ass 163 Liichtjoer vun eis ewech. Den Haaptstär liicht giel an huet den 20fachen Duerchmiesser an déi 100fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hien huet e liichtschwaache Begleeder vun der 12. Gréissteklass op enger Distanz vun 2.450 AU. Dëse Stär ëmkreest den Haaptstär eemol a 60.000 Joer.

Den ζ Reticuli ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 39 Liichtjoer.De Wénkelofstand ass 310 Bousekonnen.

NGC-Objeten

NGCdiversGréisstTypNumm
13138,7mGalaxie

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Reticulum – Biller, Videoen oder Audiodateien