Raf Vallone

italieenesche Schauspiller a Foussballspiller


De Raf Vallone, gebuer als Raffaele Vallone de 17. Februar 1916 zu Tropea a Kalabrien a gestuerwen den 31. Oktober 2002 zu Roum, war en italieenesche Foussballspiller, Journalist, Film- an Theaterschauspiller an Theaterregisseur.

Raf Vallone
GebuertsnummRaffaele Vallone
Gebuer17. Februar 1916
Tropea
Gestuerwen31. Oktober 2002
Roum
NationalitéitItalien, Kinnekräich Italien
AktivitéitFoussballspiller, Journalist, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Partisan
Famill
Bestuet matElena Varzi
KannerEleonora Vallone, Saverio Vallone

De Raf Vallone huet Droit a Philosophie op der Universitéit zu Turin studéiert. Hien huet duerno professionell Foussball beim FC Turin gespillt.

Hien huet, no engem éischte Film am Joer 1942, seng Filmcarrière am Joer 1949 mam Film Riso amaro vum Giuseppe De Santis richteg ugefaangen. Am Kino ass hien a villen italieeneschen awer och a villen internationale Filmer opgetrueden.

Bedeitend Filmer a senger Carrière sinn Thérèse Raquin (1953) vum Marcel Carné, Rose Bernd (1957) vum Wolfgang Staudte, La ciociara (1960) vum Vittorio De Sica, El Cid (1961) vum Anthony Mann an The Cardinal (1963) vum Otto Preminger.

Hie war vun 1952 bis zu sengem Doud am Joer 2002 mat der Schauspillerin Elena Varzi bestuet. Zwee vun hiren dräi Kanner d' Eleonora Vallone an de Saverio Vallone sinn och Schauspiller.

Filmographie

Kino

vun 1942 bis 1949

  • 1942: Noi vivi - Regie: Goffredo Alessandrini - Haaptacteuren: Alida Valli, Rossano Brazzi
  • 1949: Riso amaro - Regie: Giuseppe De Santis - Haaptacteuren: Vittorio Gassman, Silvana Mangano

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1998

Um Spaweck