Puppis (Stärebild)

Stärebild

D'Achterdeck vum Schëff (latäin. Puppis) ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Puppis
Laténgeschen NummPuppis
Laténgesche GeenitivPuppis
Laténgesch OfkierzugPup
Positioun
Rektaszensioun6h 03m bis 8h 27m
Deklinatioun-11° 15’ bis -51° 05’
Fläch673 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden39° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter (net
vollstänneg ze gesinn)
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
4
Hellste Stär,
Gréisst
Naos(ζ Puppis),
2,25m
MeteorstréimPi-Puppiden
Puppiden-Veliden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Monoceros
Canis Major
Columba
Carina
Vela
Pyxis
Hydra
Kaart vum Stärebild Puppis

Beschreiwung

D'Puppis ass e grousst Stärebild westlech a südlech vum Groussen Hond. Véier vu senge Stäre si méi grouss wéi déi 3. Gréissteklass.

Duerch de westlechen Deel zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt een an der Puppis vill oppe Stärekéip, wéi z. B.: M46, M47 an de M93.

Wéinst senger Positioun kann d'Stärebild vun Europa aus nëmmen am déiwe Süde ganz gesi ginn, wéi a Südspuenien, Sizilien, an am Peloponnes.

Geschicht

D'Puppis ass en Deel vum anticke Stärebild Argo Navis (Schëff vum Argo), dat zu den 48 Stärebiller gehéiert, déi schonn de Ptolemäus beschriwwen huet.

De franséischen Astronom Lacaille huet dat ausgedeent an oniwwersiichtlecht Stärebild am Joer 1763 an d'Stärebiller Carina, Vela a Puppis geännert. Dobäi goufen déi fréier Stärebezeechnunge bäigehalen, soudatt all griichesche Buschtaf an deenen dräi Stärebiller nëmmen eemol virkënnt. Dofir gëtt et ee Stär α Carinae (Canopus), awer keng Stären α Puppis oder α Velorum.

Himmelsobjeten

Stären

BFNumm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
ζNaos, Suhail Hadar2,25m1400O5 IAf
π2,71m1095K3 Ib
ρ152,83m63F2m + F5 IIp
τ2,94m183K1 III
ν3,17m423B8 III SB
σ3,25m184K5 III SB
ξ7Azmidiske (Aspidiske)3,34m
c3,62m1388K4 III
a3,71m345G5 III
33,94mA2 Iabe
P4,10m1965B0 III
114,20m503F7 + F8 II
J114,22m1942B0.5 Ib
164,40m473B5 V
h24,42m311K1 II-III
HR 29064,44m84F6 V
NS4,44m1875K4 III
q4,44m93A7 III
V4,47m1165B1 Vp + B2
QW4,49m69F0 IV
QZ4,49m641B2 V
HR 29484,50m454B5 IVn
ο4,40m2471B1 IV:nne
f4,53m358B8 IV/V
HR 31314,61m238A1 V
HR 29494,62m454B5 Ivn
14,63m977K5 III
HR 30894,63m720B1.5 Vp
HR 29224,65m225B8 V
HR 28814,65m1754G2 Ib
NV4,65m847B2V + B3Ivne
PU4,69m551B8 IV
Q4,69m227K0 III
194,72m185K0 III
HR 32264,73m4660A5 Ib
HR 27624,75m355B8-9 V
HR 31134,76m1443A7 III
MX4,78m980B2ne
KQ4,82m3363A4 Ia
A4,83m752B3 IV-V
W4,83m839K2 II/III
HR 29614,84m574B3 V
HR 28744,85m3230A6 Ib/II
L14,87m182A0pSi
H4,92m192A4 IV
HR 26084,94m1063M1 III
HR 29594,98m677K3 III
HR 25494,99m906K2 / K3III
204,99m1231G5 Ib/II
HR 30795,01m59F3 / F5V
HR 27705,03m959B3 V
45,03m236F2 V
HR 29985,04m79G5 IV
HR 24625,05m436G8 III
t5,07m760B4 IV/V
HR 30355,07m1240B2IV/V
N5,08m1284B2.5 IV
OS5,09m1178B2 V
125,09m786G8 II
L25,10m198M5 IIIe
NW5,11m836A0 V
HR 27195,12m313K2 III
HR 30025,12m216K1 III
HR 25485,14m82F5 III
O5,14m300K2 III
95,16m54G2 V
65,17m253K3 III
HR 32835,18m1631B2 IV-V
HR 26665,20m315Am
HR 30375,22m1673B1 V
HR 31405,22m189F3 V
F5,24m469A0 V
MZ5,25m2347M2 II
HR 23845,28m169F2 V
E5,30m434A3pSrEuCr
HR 33155,32507mK4 / K5III
HR 30435,32m321G0 III
HR 31835,33m1222A3 Ib/II
HR 31145,36m1121B2.5 V
HR 30185,36m50G0 V
HR 29815,41m618B3 V
y5,41m557B3 V
HR 30855,44m757K1 IIICN
HR 33265,45m813B3 V
55,48m99dF5
HR 30915,48m801B2 V

Den hellste Stär ζ Puppis ass en extreem liichtkräftege blo-wäissen Iwwerris mat der Spektralklass O5 op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer. Hien huet déi 18fach Mass, de 40fachen Duerchmiesser an déi 20.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Naos staamt aus dem Griicheschen a bedeit „Schëff“.

SystemGréisstenOfstand
π
ξ3,3 / 5,3m288"
κ4,5 / 4,6m9,9"
n5,8 / 5,9m9,7"
ν4,7 / 5,1m240"

Den π Puppis, ass den zweethellste Stär an der Puppis. Et ass en Duebelstäresystem, op enger Distanz vun 1.095 Liichtjoer. Et handelt sech ëm een Iwwerris deen orange liicht, a gëtt begleet vun engem wäisse Stär.

D'System ξ Puppis (och Azmidiske genannt) ass 1.348 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi Stäre mat de Spektralklasse G3 an G0. Wéinst hirem wäite Wénkelofstand vun 288 Bousekonnen kënne si scho mat engem klengen Teleskop observéiert ginn.

Verännerlech Stären

StärGréisstPeriodTyp
L22,6m bis 6,2m140 DeegHallefreegelméisseg Verännerlechen

Den L2 Puppis ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär a steet op enger Distanz vun 198 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Seng Hellegkeet ännert iwwer en Zäitraum vu ronn 140 Deeg. Et ass e roude Stär mat der Spetralklass M3 III. Wärend dem Maximum ass hien opfälleg hell, am Minimum kann hien ënner gënschtege Siichtbedingungen just nach mat bloussem A gesi ginn

Messier- an NGC-Objeten

Messier (M)NGCanerGréisstTypNumm
4624376,5mOppene Stärekoup
4724224,5mOppene Stärekoup
9324476,5mOppene Stärekoup
24236,5mOppene Stärekoup
243810,5mPlanetareschen Niwwel
24513,0mOppene Stärekoup
24776,0mOppene Stärekoup
25396,5mOppene Stärekoup
25466,5mOppene Stärekoup

Am Stärebild Puppis ass eng Rei vun Oppene Stärekéip.Dräi dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten de Messier-Katalog opgeholl.

De M 46 ass e Stärekoup op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer.

Am nërdlechen Deel vum M 46 steet de Planetareschen Niwwel NGC 2438. Den Niwwel gehéiert net zum Stärekoup. Hie steet op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer.

De M 47 ass ronn 1.800 Liichtjoer ewech. Hien ass mat bloussem A als niwwelege Fleck z'erkennen. Et handelt sech ëm e relativ jonke Stärekoup mat bloe Stären.

De M 93 läit zirka 4.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

Den NGC 2451 ass den hellste Stärekoup am Stärebild Puppis a mat bloussem A däitlech ze gesinn. Opgrond vu senger südlecher Positioun kann hien allerdéngs vu Mëtteleuropa net gesi ginn. Hie läit op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Puppis – Biller, Videoen oder Audiodateien