Proclus (Moundkrater)

De Proclus ass e jonken Aschlagkrater um Äerdmound westlech vum Mare Crisium op der Ostgrenz vum Palus Somni. Hie läit südlech vum terrasséierte Krater Macrobius a westnordwestlech vum iwwerspullte Krater Yerkes. Tëscht dem Proclus an dem Yerkes leien d'Virbierger Olivium a Lavinium.

Moundkrater Proclus
De Moundkrater Proclus
Eegenschaften
Breet16,04° S
Längt46,82° W
Duerchmiesser26,91 km
Déift2,4 km
Selenographesch Längt314° bei Sonnenopgank
Genannt nomProclus Diadochus
Genannt am Joer1935
De Moundkrater Proclus, opgeholl vun Apollo 17. (NASA)

De Kraterrand gesäit fënnefeckeg aus an hieft sech net besonnesch iwwer den Terrain ronderëm aus. De Krater huet eng héich Albedo, déi soss nëmme vum Krater Aristarchus iwwertraff gëtt.

De Krater huet e risegt Stralesystem, dat iwwer 600 Kilometer grouss ass. D'System ass asymmetresch, woubäi déi gréisst Stralen no Nordwesten, Nordnordosten an Nordoste weisen. Op engem Bou am Südweste si keng erausgeworfen Aschlagstécker ze fannen, wat op e niddregen Aschlagswénkel hindeit.

ProclusBreedegradLängegradDuerchmiesser
A13,32° N42,22° O13,6 km
C12.93° N43.57° O9.45 km
D17,41° N41,01° O12,33 km
E16,57° N40,9° O12,2 km
FNeieNumm= Crile
G12,71° N42,69° O32,7 km
J17,03° N43,99° O4,83 km
K16,49° N46,19° O15,27 km
L17,01° N46,32° O10,06 km
M16,42° N45,14° O10,02 km
P15,33° N48,77° O26,75 km
R15,89° N45,49° O28,58 km
S15,65° N47,97° O18,46 km
T15,38° N46,75° O19,46 km
U15,17° N48,05° O13,73 km
V14,71° N48,39° O16,53 km
W17,46° N46,21° O7,11 km
X17,68° N45,13° O5,87 km
Y17,42° N44,9° O7,46 km
Z17,92° N44,73° O5,75 km

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen