Pond (Wärung)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Wärungsunitéit Pond. Fir d'Masseneenheet, kuckt wgl. Pond.

D'Pond (en.: Pound, it.: Lira, fr.: Livre) ass eng Wärungsunitéit, déi vum Pond Gewiicht vun engem Eedelmetall ofgeleet ass. Als Wärungssymbol gëtt dacks, mee net ëmmer "£" oder "" gebraucht.

Wéi d'Gewiichtsunitéit Pond sech an Europa verbreet huet, huet se enger ganzer Rëtsch vu Mënzen a Wärungssystemer (och dacks als Lira) den Numm ginn. De Karel de Groussen hat festgeluecht, datt aus engem Pond Sëlwer 240 Pennénger (Denaren) geklappt misste ginn. Dëse System huet sech a Groussbritannien an an Irland am Pond Sterling respektiv dem Iresche Punt bis 1971 erhalen.

En ale Synonym fir Pond ass "Guinee", Guinea oder Guinée.

Haiteg Wärungen

Historesch Wärungen

  • Australescht Pond (bis 1966 Australien)
  • Bermuda-Pond (bis 1970 Bermuda)
  • Biafra-Pond (1967 bis 1970 Biafra)
  • Gambescht Pond (bis 1971 Gambia)
  • Ghanaescht Pond (1958 bis 1965 Ghana)
  • Fidschi-Pond (bis 1969 Fidschi)
  • Irescht Pond (bis 2001 Irland)
  • Israeelescht Pond (bis 1980 Israel)
  • Italieenesch Lira (bis 2001 Italien)
  • Jamaika-Pond (bis 1969 Jamaika)
  • Kanadescht Pond (bis 1858 Kanada)
  • Libyescht Pond (1951 bis 1971 Libyen)
  • Livre (bis 1795 Frankräich)
  • Lliura mallorquina (bis 1869 Mallorca)
  • Malawi-Pond (bis 1971 Malawi)
  • Malteesesch Lira (bis 2007 Malta)
  • Neiguinea-Pond (1915 bis 1966 Territorium Neiguinea)
  • Neiséiland-Pond (1840 bis 1967 Neiséiland)
  • Nigerianescht Pond (1907 bis 1972 Nigeria)
  • Palestina-Pond (1927 bis 1948 Mandatsgebitt Palestina)
  • Rhodesescht Pond (1970 bis 1980 Rhodesien)
  • Rhodesien-an-Njassaland-Pond (1955 bis 1964 Rhodesien an Njassaland)
  • Samoanescht Pond (1914 bis 1967 Samoa)
  • Salomonen-Pond (1899 bis 1966 Salomonen)
  • Sambescht Pond (1964 bis 1968 Sambia)
  • Südrhodesescht Pond (bis 1955 Südrhodesien)
  • Tonga-Pond (bis 1967 Tonga)
  • Westafrikanescht Pond (fréiert Brittesch-Westafrika)
  • Zypern-Pond (bis 2007 Zypern)