Pierre Berchem

lëtzebuergesche Moler

De Pierre Berchem, gebuer de 16. Dezember 1929 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 1. Mee 2019 zu Krautem[1], war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

Pierre Berchem
Gebuer16. Dezember 1929
Lëtzebuerg
Gestuerwen1. Mee 2019
Krautem
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitSculpteur, Moler
Famill
PappLéon Berchem

Hie koum aus enger Kënschtlerfamill, säi Papp de Leo Berchem war Schrëftsteller a Folklorist, säi Grousspapp den Antoine Jans, e bekannte Parzeläinsmoler.

Säi Secondaire hat hien an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg gemaach, wou hie beim Professer Jean-Pierre Calteux Molerei geléiert huet. Duerno goung hien op d'Académie des Beaux Arts vu Léck, wou hie beim Professer Marceau Gillard Skulptur studéiert huet. Hien huet och zu Paräis am Atelier vum André Del Debbio geschafft.

Wierker

Senger Wierker fënnt een am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht zu Lëtzebuerg.

Ausstellungen

Gielchen

Literatur

  • Berchem, P., Pierre Berchem - sculptures - dessins - peintures. Luxembourg: Saint-Paul, 2009 ISBN 978-2-87996-612-0

Quell

  • Anthologie des Arts au Luxembourg, Éditions Borschette, 1992
  • Henri Hanlet in Revue 19-05-1973

Um Spaweck

Referenzen