Pi (Buschtaf)

Buschtaf

De Pi (griichescht Neutrum, Majuskel Π, Minuskel π) ass de 16. Buschtaf vum griicheschen Alphabet.

De griichesche Buschtaf „Pi“
(uewen a Serifschrëft,
ënnen a ouni Serif)

De Buschtaf Pi hat bei de Griichen als Ziffer nom milesesche Prinzip de Wäert 80.

Urspronk

D'Variant-Form vum Minuskel ϖ (oder och ) war bei de Byzantiner déi üblech Schreifweis. Si fënnt sech och an de fréieste Dréck. Béid Formen, an , waren zanter dem Mëttelalter nieweneneen gebräichlech, och haut gëtt nach a griichesche Schreifschrëfte gebraucht. Als gedréckte Letter ass si awer aus der normaler griichescher Schrëft verschwonnen. Haut ass säin Asazberäich op Mathematik, Physik, Astronomie an Technik begrenzt a stellt do en eegestännegt Zeechen.

Gebrauch vum Pi

  • An der Biologie bezeechent π en osmotescht Potential.
  • An der Physik bezeechent π
    • e Meson, kuckt Pion,
    • e Spannungstensor.
  • An der Mathematik
    • bezeechent d'Kreeszuel,
    • gëtt dacks als Formelzeeche fir Permutatioune gebraucht,
    • bezeechent d'lemniskatesch Konstant (als Analogon zum Krees),
    • kennzeechent d'Produktzeechen Π d'Multiplikatioun vu ville mathemateschen Objeten,
    • bezeechent (x) d'Primzuelfunktioun.
  • an der Chimie als Pi-Bannung an Pi-Komplex
  • An der Polyamory-Flagge steet de π fir den Ufanksbuschtaf „P“ an Polyamory.
  • An der Vollekswirtschaftsléier bezeechent π d'Inflatiounsrat.
  • An der Betribswirtschaftsléier gëtt π dacks als Bezeechnung fir de Gewënn gebraucht.

Um Spaweck

Commons: Pi – Biller, Videoen oder Audiodateien