Pavo (Stärebild)

De Pohunn (latäin Pavo) ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Pavo
Lëtzebuergeschen NummPohunn
Laténgeschen NummPavo
Laténgesche GeenitivPavonis
Laténgesch OfkierzungPav
Rektaszensioun17h 40m bis 21h 32m
Deklinatioun-74° 58' bis -56° 35'
Fläch378 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden15° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
α Pavonis
1,94m
MeteorstréimDelta-Pavoniden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Telescopium
Ara
Apus
Octans
Indus
Kaarte vum Stärebild Pavo

Beschreiwung

De Pavo ass kee markant Stärebild. Et läit westlech vum Triangulum Australe. Den Haaptstär α Pavonis ass mat
1,94m opfälleg hell. Déi aner Stäre gehéieren zu der 3. a 4. Gréissteklass.

Am Pavo steet den opfällege Kugelstärekoup NGC 6752.

Geschicht

De Pavo gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vum hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser an dem Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet si iwwerholl an am Joer 1603 op sengem Himmelsatlas Uranometria agedroen.

Himmelsobjeten

Stären

BFNumm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
αPeacock1,94m183B2 IV
β3,42m138A5 IV
δ3,55m20G5 IV
η3,61m371K1 III
κ3,91m544F2 Ib-II
ε3,97m106A0 V
ζ4,01m210K2 III
γ4,21m30F6 V
λ4,22m1812B2 II-III
π4,33m139Am
ξ4,35m420M1 III SB
ν4,63m479B8 III
NU4,63m479B8 III
φ14,75m90F1 III
HR 70124,78m95A7 V
ρ4,86m195Fm
ο5,06m889M2 III
φ25,11m79F8 V
ω5,14m516K1 III-IV
υ5,14m841B8 Vvar
HR 75875,24m302B9.5 IV
HR 72215,31m120G8 / K0 III/IV
μ25,32m235K2 IV CN
SX5,34m396M5 III
HR 74985,39m135A4 III
σ5,41m305K0 III
HR 75315,41m260A0 IV
ι5,47m58G0 V

Den α Pavonis (och Peacock (engl. Pohunn) genannt) läit op enger Distanz vun 183 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et ass e bloe Stär mat der Spektralklass B2 IV. Hien huet déi véierfach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

Verännerlech Stären

StärGréisstPeriodTyp
λ3,4 bis 4,3mOnreegelméisseg Verännerlechen
κ3,9 bis 4,7m9,092 DeegCepheide
R7 bis 14m230 DeegMira-Stär
T7 bis 14m244 DeegMira-Stär

Den λ Pavonis läit op enger Distanz vun 1812 Liichtjoer. Et ass e verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet sech ouni erkennbar Reegelméissegkeet verännert.

Den κ Pavonis ass e Verännerlechen a läit 544 Liichtjoer vun eis ewech. Hien ass vum Typ Cepheiden. Seng Hellegkeet ännert sech reegelméisseg wärend engem Zäitraum vun ronn 9 Deeg.

Den R an den T Pavonis si Verännerlecher vum Typ Mira. Hir Hellegkeet ännert sech ganz staark iwwer Zäitraim vun 230 an 244 Deeg.

Niwweleg Objeten

NGCanerGréisstTypNumm
67448,4mGalaxie
675210,5mKugelstärekoup

Den NGC 6744 ass eng Galaxie op enger Distanz vun 25 Millioune Liichtjoer. Hien huet androcksvoll Spiralstrukturen.

Den NGC 6752 läit 18.000 Liichtjoer ewech an ass e Kugelstärekoup. Et ass dee véierthellste Kugelstärekoup um Nuetshimmel.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Pavo (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien