Paul Mazursky

US-amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmproduzent

De Paul Mazursky, gebuer de 25. Abrëll 1930 zu New York a gestuerwen den 30. Juni 2014 zu Los Angeles a Kalifornien, war en US-amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmproduzent. Hien huet als ee vun de bedeitende Vertrieder vum US-amerikaneschen Auteurefilm gegollt. Vill vu senge Filmer spillen zu New York an hunn dacks d'Liewe vun einfache Leit als Sujet, wéi z. B. an Next Stop Greenwich Village vun 1976.

Paul Mazursky
Gebuer25. Abrëll 1930
New York
Gestuerwen30. Juni 2014
Los Angeles
DoudesursaachHäerzkollaps
NationalitéitUSA
EducatiounBrooklyn College
AktivitéitDréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Filmregisseur, Schrëftsteller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur

De Mazursky, deen zu Brooklyn op Welt koum, war zanter dem Ufank vun den 1950er Joren als Schauspiller aktiv an en huet 1962 säin éischt Dréibuch fir eng Episod vun enger Tëleesserie geschriwwen. 1962 huet hie mat Last Year at Malibu e Kuerzfilm gedréint, 1969 mat Bob & Caroline & Ted & Alice säin éischte Laangspillfilm.

Zanter 1973 huet hie vill vu senge Filmer selwer produzéiert.

Filmographie

als Regisseur

  • 1962: Last Year at Malibu, (Kuerzfilm; eng Parodie um Alain Resnais säi L'Année dernière à Marienbad)
  • 1969: Bob & Carol & Ted & Alice mam Natalie Wood, Robert Culp, Elliott Gould an Dyan Cannon
  • 1970: Alex in Wonderland mam Donald Sutherland an Ellen Burstyn
  • 1973: Blume in Love mam George Segal, Susan Anspach a Kris Kristofferson
  • 1974: Harry and Tonto mam Art Carney a senger Kaz Tonto
  • 1976: Next Stop, Greenwich Village mam Lenny Baker, Shelley Winters a Christopher Walken
  • 1978: An Unmarried Woman mam Jill Clayburgh, Alan Bates a Michael Murphy
  • 1980: Willie and Phil mam Margot Kidder a Michael Ontkean
  • 1982: Tempest mam John Cassavetes, Gena Rowlands, Vittorio Gassman a Susan Sarandon.
  • 1984: Moscow on the Hudson mam Robin Williams a Maria Conchita Alonso
  • 1985: Down and Out in Beverly Hills mam Nick Nolte, Bette Midler a Richard Dreyfuss
  • 1988: Moon over Parador mam Richard Dreyfuss, Raúl Juliá a Sônia Braga
  • 1989: Enemies, A Love Story mam Ron Silver, Anjelica Huston, Lena Olin a Margaret Sophie Stein
  • 1991: Scenes from a Mall mam Bette Midler a Woody Allen
  • 1993: The Pickle mam Danny Aiello, Dyan Cannon a Shelley Winters
  • 1996: Faithful mam Cher, Chazz Palminteri a Ryan O'Neal
  • 1998: Winchell, TV-Film mam Stanley Tucci
  • 2003: Coast to Coast, TV-Film mam Richard Dreyfuss an Judy Davis.

als Schauspiller

  • 1953: Fear and Desire - Regie: Stanley Kubrick
  • 1955: The Blackboard Jungle - Regie: Richard Brooks
  • 1976: A Star Is Born - Regie: Frank Pierson
  • 1985: Into the Night - Regie: John Landis
  • 1986: Down and out in Beverly Hills - Regie: Hie selwer
  • 1988: Punchline - Regie: David Seltzer
  • 1992: Man Trouble - Regie: Bob Rafelson
  • 1993: Carlito's Way - Regie: Brian De Palma
  • 1995: Miami Rhapsody - Regie: David Frankel
  • 1996: Two days in the valley - Regie: John Herzfeld
  • 1997: Weapons of Mass Distraction - Regie: Stephen Surjik
  • 1998: Why Do Fools Fall in Love - Regie: Gregory Nava
  • 1999: A slight case of murder - Regie: Steven Schachter
  • 2004: Coast to Coast - Regie: Hie selwer

Um Spaweck

Commons: Paul Mazursky – Biller, Videoen oder Audiodateien