Organspend

Eng Organspend ass d'Ewéchhuelen vun engem oder méi Organer aus dem Kierper vun engem Mënsch, dee kuerz virdru gestuerwen ass, oder vun engem gesonde fräiwëllege Spender, deen nach lieft. Dat Organ gëtt dann an de Kierper vun enger anerer, lieweger Persoun transplantéiert. Geleefeg Organtransplantatioune betreffen d'Nieren, d'Häerz, d'Liewer, d'Bauchspäicheldrüs, d'Däerm, d'Longen, d'Schanken, an d'Haut. Dacks ginn d'Tissuspenden (Gewebespenden) (zum Beispill Hornhaut vum Aen) och zu den Organspende gezielt, obwuel et sech net ëm Organer handelt. Donieft gëtt et och nach Bluttspenden a Knachemuerchspenden (Bluttstammzellespenden).

Monument fir d'Organspender zu Naarden an Nord-Holland

Bestëmmt Organer kënne vu liewege Spender kommen, wéi d'Nier oder Deeler vun der Liewer, mä déi meescht Spende geschéien eréischt nom Doud vum Spender.

All d'Organer an Tissue ginn an enger Prozedur erausgeholl, déi der Chirurgie gläicht, an all d'Schnëtt ginn no deem Agrëff nees zougemaach. An der Zäit virum Begriefnes soll net z'erkenne sinn, datt den Doudegen en Organspender war.

Persounen aus allen Altersklasse kënnen Organspender ginn. Den Alter vum Donateur ass manner wichteg wéi den Zoustand vum Organ, dat gespent gëtt. Dowéinst ginn trotzdeem seelen Organer vu Leit iwwer 70 Joer benotzt.

Weltwäit gëtt et Organspender, an och Waardelëschte fir Leit, déi op en Organ waarden. Vill Patienten op sou Waardelëschte stierwen, well se keen Organ zur Zäit kréien. De 17. November 2016 zum Beispill stoungen eleng an den USA 119.905 Persounen op der Waardelëscht fir en Organ, dat hinnen d'Liewe kéint retten.[1]

Organspenden zu Lëtzebuerg

An Europa ass Lëtzebuerg eent vun de Länner mat de mannsten Organspender.[2] 2015 goufen et am ganze Land nëmmen dräi Organspender.[3] Domat war Lëtzebuerg engem Eurostat-Classement no op der leschter Plaz[4] a weltwäit op der sechstleschter Plaz.[5]

2022 goufen et nees 8 doudeg Organspender. Dogéint stoungen am selwechte Joer awer 105 Patienten op der Waardelëscht fir eng Transplantatioun, a 35 Awunner kruten am Ausland eng Organtransplantatioun.[6],[7]

Lëtzebuerg ass nieft der Belsch, Däitschland, Éisträich, Holland, Kroatien, Slowenien an Ungarn eent vun de Länner an deenen d'Organisatioun Eurotransplant aktiv ass, déi sech fir d'Promotioun vun der Organspend asetzt an d'Koordinatioun tëscht de Memberstaaten organiséiert.

Doudeg Organspender zu Lëtzebuerg (Eurotransplant)[8],[9],[10]
2004200520062007200820092010201120122013201420152016201720182019202020212022
1361903948433975328

Vum Gesondheetsministère gëtt et en Organspenderpass, "Passeport de vie" genannt.[11] An dësem dréckt de Besëtzer seng Awëllegung aus, datt him am Fall vun engem stënterlechen Doud Organer ewechgeholl a gespent kënne ginn. E Porte-parole vum Ministère sot 2015, zu Lëtzebuerg géif et d'Potential fir 10-15 Organspenden am Joer ginn.[12]

Referenzen