Ophiuchus

Stärebild
(Virugeleet vu(n) Ophiuchus (Stärebild))

De Schlaangendréier (Latäin: Ophiuchus) ass e Stärebild um Himmelsequator.

Date vum Stärebild Ophiuchus
Lëtzebuergeschen NummSchlaangendréier
Laténgeschen NummOphiuchus
Laténgesche GeenitivOphiuchi
Laténgesch OfkierzungOph
Rektaszensioun16h 01m bis 18h 45m
Deklinatioun-30° 12' bis +14° 23'
Fläch948
Siichtbar op de Breedegraden80° Nord bis 80° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär
Gréisst
Ras Alhague
(α Ophiuchi),
2,08m
MeteorstréimOphiuchiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Hercules
Serpens (Kapp)
Libra
Scorpius
Sagittarius
Scutum
Serpens (Schwanz)
Kaart vum Stärebild Ophiuchus
Duerstellung vum Johannes Keplers. Dee mat engeg ′N′ markéierte Stär um rietse Fouss vum Schlaangendréier ass d'Supernova, déi de Kepler entdeckt hat Supernova 1604
.

Beschreiwung

De Schlaangendréier ass e grousst, awer wéineg opfällegt Stärebild um Summerhimmel. Well seng Stäre wäit ausernee gezunn a wéineg markant sinn, ass et net ganz einfach, dat Stärebild tëscht dem Hercules an dem Scorpius ze fannen.

Duerch de westlechen Deel zitt d'Band vun der Mëllechstrooss.

Och wann d'Ekliptik duerch de Schlaangendréier verleeft an d'Sonn sech do méi laang ophält (vum 30. November bis den 18. Dezember) wéi am Nopeschstärebild Skorpioun, gehéiert et net zu den Déierekreeszeechen. D'Stärebild vum Skorpioun war an der Antiquitéit méi grouss, deemools hunn och seng "Schéieren" dozou gehéiert.

Geschicht

De Schlaangendréier (Ophiuchus) gehéiert zu den 48 Stärebiller vun der Antiquitéit, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Am Ophiuchus liicht déi hell Supernova 1604.

Stären

BFNumm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
α55Ras Alhague2,08m47A5 II
η35Sabik2,43m84A2.5 Va
ζ13Han2,54m458O9.5 V
δ1Yed Prior2,73m170M1 III
β60Cebalrai2,76m82K2 III
κ273,19 m86K2 IIIvar
ε2Yed Posterior3,23m108G8 III
θ423,27m563B2 IV
ν643,32m153K0 III
723,71m83A4 IVs
γ623,75m95A0 V
λ10Marfik3,82m166A2 V
673,93m1418B5 Ib
704,03m17K0 V SB
444,16m84A3 IVm
χ74,2 bis 5,0m489B2 Vne
454,28m111F3 III
φ84,29m210G8 / K0 III
HR 64014,33m20K2 III
σ494,34m1173K3 IIvar
ι254,39m234B8 V
ξ404,39m57F2 / F3V
684,42m265A2 Vn
ω94,45m175Ap
ψ44,48m178K0 III
HR 64934,53m98F3 V
ρ704,57m394B2 V
μ574,58m549B8 II-III MNp
υ644,62m122A3m
714,64m238G8 III-IV
204,64m121F7 IV
414,72m218K2 III
τ694,77m170F5 V
514,78m426A0 V
664,79m677B2 Ve
304,82m402K4 III
744,85m269G8 III
584,86m57F6 / F7V
HR 61964,91m391G8 II/III
e5,03m691K4 II-III
ο395,14m363K
235,23m248K2 III
HR 61285,24m507M2 comp
435,30m600K4 / K5III
HR 65165,31m54G8 IV-V
375,32m777M2III
HR 69855,38m127F5 III
HR 61365,41m423K4 IIIp
HR 68575,41m147K2 III
HR 65075,41m206A8 V
HR 69875,43m103F3 V
HR 63755,43m132F5 IV
HR 66865,44m426G9 III
HR 68005,50m412K2 III
Feilstär vum Barnard9,5m5,9

Den β Ophiuchi ass 84 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht orange an ass e Stär vun der Spektralklass K2 III.Den Numm Cebalrai ass arabesch a bedeit „Schéiferhond“.

Den δ Ophiuchi ass ee roudelzege Stär mat der Spektralklass M1 III op enger Distanz vun 170 Liichtjoer.
Den Numm Yed Prior ass aus dem arabeschen an dem Latäin zesummegesat a bedeit „viischt Hand“.

De giele Stär ε Ophiuchi ass 108 Liichtjoer ewech.
Säin Numm Yed Posterior bedeit „hënnescht Hand“.

De Feilstär vum Barnard ass dee Stär mat der gréisster Eegebeweegung. Pro Joer leet hien eng Distanz vun 10 Bousekonnen zeréck. An honnert Joer sinn dat ongeféier 15 Bouminutten, dat ass een hallwe Vollmoundduerchmiesser um Himmel. De Barnard-Stär ass nëmme 5,9 Liichtjoer vun eis ewech an no dem Alpha Centauri-System den noosten Noper vun der Sonn. Hie beweegt sech weider op eist Sonnesystem zou a wäert a ronn 10.000 Joer op enger Distanz vu véier Liichtjoer laanscht zéien. De Barnard-Stär ass ee liichtschwaache rouden Zwergstär. Seng Liichtkraaft huet nëmmen 1/2500 vun där vun eiser Sonn.

SystemGréisstenOfstand
α2,08 / 7m
λ4,2 / 5,2m1,5"
τ5,2 / 5,9m1,8"
616,2 / 6,6m7,1"
704,2 / 6,0m4,3"

Den α Ophiuchi ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 47 Liichtjoer. De Haaptstär ass ee wäissbloe Stär mat der Spektralklass A5 III mat der 26facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Säi Begleeder huet huet déi 7. Gréissteklass, an ëmkreest den Haaptstär an 8,7 Joer.
Den arabeschen Numm Ras Alhague leet sech of vu Kapp vum Schlaangebeschwörer.

D'System ηOphiuchi ass 84 Liichtjoer ewech. Zwéi wäiss Stären ëmkreese sech an engem kuerzen Ofstand.Den arabeschen Numm Sabik bedeit „deen, dee virdru geet“.

StärGréisstPeriodTyp
χ4,2 bis 5,0monreegelméisseg Verännerlechen
RS4,5 bis 12,5mNova

Den χOphiuchi ass een onreegelméisseg verännerleche Stär op enger Distanz vu 489 Liichtjoer.

Den RS Ophiuchi ass e Verännerleche vum Typ „zeréckkommend Nova“. Dee rouden Zwergstär ass 12,5m hell. An onreegelméissegen Ofstänn vu ronn 20 bis 30 Joer weist hien dramatesch Hellegkeetsausbréch, sou wéi an de Joren 1898, 1933, 1958, 1967, 1985, an 2006.

Messier (M)NGCdiversGréisstTypNumm
963338mKugelstärekoup
1062546,5mKugelstärekoup
1262186,5mKugelstärekoup
1464027,5mKugelstärekoup
10761718mKugelstärekoup
NGC 6240Galaxie
NGC 62938,2mKugelstärekoup
NGC 63048,4mKugelstärekoup
NGC 63568,4mKugelstärekoup
NGC 636610mKugelstärekoup
NGC 638410,4mGalaxie
NGC 65728mPlanetareschen Niwwel
NGC 66334,6mOppene Stärekoup
IC 46656,5mOppene Stärekoup
IC 4604ρ Oph4,6mReflexiounsniwwel
Mel 1863,0mOppene Stärekoup

Am Schlaangendréier gëtt et eng Rei vu Kugelstärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog, dem Messier-Katalog, opgestallt huet.

Den M 10 läit op enger Distanz vu 15.000 Liichtjoer.

Den M 12 an den M 107 leien op enger Distanz vun 20.000 Liichtjoer.

Den M 9 an den M 14 sinn op enger Distanz vu 25.000 a 40.000 Liichtjoer.

Den IC 4665 ass een oppene Stärekoup op enger Distanz vun 1.200 Liichtjoer.

Den oppene Stärekoup Mel 186 ass mat enger totaler Hellegkeet vun 3,0 mag scho mat bloussem A ze fannen. Beim deem Stärekoup handelt et sech ëm dat net unerkannte Stärebild Kinnekleche Stéier vu Poniatowski.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Ophiuchus – Biller, Videoen oder Audiodateien