Omega

Buschtaf

Den Omega; (griicheschen Neutrum a groussen O‘, laang ausgeschwat [vergläich och Omikron]; Majuskel Ω, Minuskel ω) ass de 24. a leschte Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet no dem milesesche Prinzip en Zuelewäert vun 800. Den Omega gëtt dacks gebraucht, fir en Enn ze verdäitlechen, an ass domat de Géigendeel vum Ufank, dem Alpha (Alpha an Omega oder „Den A an O“).

De griichesche Buschtaf Omega
De griichesche Buschtaf Omega

A soziale Gruppe bei Déiere gëtt dat lescht Déier an der Ranguerdnung als Omega-Déier bezeechent (kuckt heizou ënner Alpha-Déier).

Een ëm 180 Grad gedréite groussen Omega gëtt als Mho bezeechent. Et ass eng vereelzt Eenheet vum elektresche Leetwäert (1 Mho = 1/Ohm).

Den Omega am Gebrauch

  • De groussen Ω gëtt gebraucht
    • fir d'SI-Eenheet vum Elektresche Widerstand: Ohm, ganz vill am Gebrauch an der Elektrotechnik
    • fir d'Schwäizer Aueremark Omega, kuckt Omega SA
    • an der Mathematik fir eent vun de Landau-Symboler
    • an der Informatik fir d'Chaitin Konstant
    • an der Physik fir den Ω-Baryon, en Elementardeelchen
    • an der Astronomie fir d'Längt vum opsteigende Knuet (Opstand vum Knuet vum Fréijoerspunkt) bei de Bunnelementer
    • an der Kosmologie fir de kosmologeschen Dichtparameter vum Universum
    • an der Bibel a chrëschtlecher Theologie fir Gott Jesu (den Omegapunkt; vgl. Pierre Teilhard de Chardin)
    • an der Finanzanalys fir d'Bewäertung vun Optiounsschäiner, kuckt Omega (Wirtschaft)
  • De klenge Buschtaf ω gëtt gebraucht fir
    • ee vun de Landau-Symboler an der Mathematik
    • d'Wénkelvitess an der Physik
    • als Bezeechner vun engem Meson
    • d'Längt vum Perihel bei de Bunnelementer (Astronomie)
    • déi klengst onendlech Ordinalzuel (Transfinite Arithmeetik)
    • d'Kreesfrequenz an der Schwéngungsléier
    • als Formelzeeche fir de Massenundeel an der Chimie
    • als gebräichlech Bezeechnung fir méifach ongesiedegt Fettsaiere mat Vitaminn-Charakter (Omega-3-Fettsaieren an Omega-6-Fettsaieren), déi allgemeng Grupp vun den Omega-n-Fettsaieren souwéi déi net essentiell Omega-9-Fettsaieren.