Nur Ed-Din Al Betrugi
arabeschen Astronom a Philosoph
Den Nur Ed-Din Al Betrugi (Nur al-Din Ibn Ishaq Al-Bitruji, Abu Ishâk ibn al-Bitrogi, al Bidrudschi; laténgiséiert: Alpetragius ), gestuerwen ëm 1204 war en arabeschen Astronom a Philosoph.
Nur Ed-Din Al Betrugi | |
---|---|
Gebuer | onbekannt Pedroche |
Gestuerwen | 1204 |
Aktivitéit | Astronom, Astrolog, Schrëftsteller, Kosmolog |
![]() |
Hie war am Marokko gebuer, a war e Léierjong vum Ibn Tufail. Hien ass vun do op Sevilla gaangen a war en Zäitgenosse vum Averroës.
Hien huet Theorie vun de Planéitebeweegunge verbessert a wollt dobäi d'Epizykeltheorie ewechloossen. Dat war eng Modifikatioun vum Planéitebeweegungsystem, déi seng Virgänger Ibn Bajjah an Ibn Tufail opgestallt haten. Seng Beméiungen, de Planéitemodell vum Claudius Ptolemäus z'ersetzen, ware wéinst sengen onprezisen numeresche Viraussoe vu Planéitepositiounen ëmsoss.
De Moundkrater Alpetragius ass no him benannt.
Wierker
- Kitab-al-Hay’ah (Arabesch: كتاب الحياة), iwwersat op Hebräesch an op Latäin, 1531 gedréckt zu Wien
Literatur
- Krafft: Die bedeutendsten Astronomen (marix wissen) Wiesbaden: Marix Verlag 2007
🔥 Top keywords: Haaptsäit1864AntiquitéitProjektiounsmodellHenri CornetCamille DimmerKategorie:GuatemalaKategorie:Norwegesch MusekerMikronesienSpezial:SichenAlbanienKategorie:KamerunZweete WeltkrichSpezial:Rezent ÄnnerungenMilano-Sanremo25. AbrëllKuwaitMichel MajerusKategorie:Gebuer 1952Fred JunckWikipedia:KontaktWikipediaSitcomLëtzebuerg (Land)Wikipedia:De StamineeLëscht vu lëtzebuergeschen OlympionickenD'Tatta DillendappSchabloun:AVDW R50Wikipedia:CommunautéitssäitKategorie:Sloweenesch SchachspillerWikipedia:AktualitéitHémechtAn American Werewolf in ParisBenotzer Diskussioun:VolvoxSociété anonyme des hauts-fourneaux de DifferdangeEd LauterWikipedia:General disclaimerDëppegéisser (Museksgrupp)Diks