Nassau-Weilburg

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Nassau-Weilburg ass eng vun de Linne vum Haus Nassau. Si hat hiert Stammschlass zu Weilburg.

Wope vun Nassau zanter dem 12. Jh.
D'Grofschaft Nassau, 1645, vum Joan Blaeu

Vun 1890 un huet d'Haus Nassau-Weilburg d'Herrscher vu Lëtzebuerg gestallt. Bis 1866 war et d'Herrscherhaus am Herzogtum Nassau an Däitschland. Well de Wëllem IV. keng männlech Nokommen hat, ass mat sengem Doud 1912 déi eigentlech Linn vum Haus Nassau-Weilburg erlosch an zënter dem Groussherzog Jean heescht d'Famill Lëtzebuerg-Nassau aus dem Haus Bourbon-Parma an de groussherzogleche Wope gouf deementspriechend geännert.

NummRegéierzäitTitel
Adolphe1890-1905Groussherzog vu Lëtzebuerg
Wëllem IV.1905-1912Groussherzog vu Lëtzebuerg
Marie-Adélaïde1912-1919Groussherzogin vu Lëtzebuerg
Charlotte1919-1964Groussherzogin vu Lëtzebuerg
Jean1964-2000Groussherzog vu Lëtzebuerg
Henrizanter 2000Groussherzog vu Lëtzebuerg

Referenzen