Net confirméiert Aschreiwungen am NGC-Katalog

Wikimedia-Lëschtenartikel
(Virugeleet vu(n) NGC 82)

Lëscht vun onbestätegten Aschreiwungen am NGC-Katalog.Dëst ass eng (onvollstänneg) tabellaresch Oplëschtung vun net verifizéierten Notizen am New General Catalogue vum Johan Dreyer.

Nummer am NGCStärebildÉischt ObservatiounPositioun
(ëmgerechent op J2000.0
BemierkungenKaartelinken
αδ
18PegHerman Schultz, 15. Oktober 186600 h 09m23'27° 43,9'D'Observatioun geet op zwéi Stären zeréck, déi no beienee leien.[1]
30PegAlbert Marth, 30. Oktober 186400 h 10m51'+21° 58,6'Den Objet gouf vum Marth als e Stär mat der Gréisst 13, dee vun engem Niwwel ëmginn ass, beschriwwen. Et handelt sech ëm zwéi Stären, déi no beienee leien.[2]
33PscAlbert Marth, 9. September 186400 h 10m57'+03° 40,6'D'Observatioun geet op zwéi Stären zeréck, déi no beienee leien.[3]
44AndJohn Herschel, 22. November 182700 h 13m13'+31° 17,2'D'Observatioun geet op zwéi Stären zeréck, déi no beienee leien.[4]
46PscEdward Joshua Cooper, 22. Oktober 185200 h 14m10'+05° 59,3'Den Objet gouf am Ufank vum Cooper als Niwwel an de Markree-Katalog opgeholl a méi spéit och vum Arthur Auwers observéiert. Et handelt sech ëm de Stär GSC 00008-00572 (zirka 11,7 mag).[5]
56PscJohn Herschel, 13. Oktober 182500 h 15m21'+12° 26,7'D'Observatioun vum John Herschel vum 13. Oktober 1825 konnt net novollzunn ginn.[6]
82AndGuillaume Bigourdan, 23. Oktober 188400 h 21m17'+22° 27,7'De Vermierk ass op e Stär zeréckzeféieren (USNO-A2.0 1050-00111856).[7]
91AndHerman Schultz, 17. Oktober 186601 h 21m52'+22° 22,1'D'Observatioun geet op e Stär zeréck.[8]
111CetFrancis Preserved Leavenworth, 1885 / 188600 h 26m38'−02° 37,5'Keen Objet entsprécht der Beschreiwung vum Leavenworth.[9]
122CetWilhelm Tempel, 27. September 188000 h 27m38'−01° 38,4'NGC 122 an NGC 123 si méiglecherweis op zwéi Stären zeréckzeféieren.[10]
12300 h 27m40'−01° 37,7'[11]
158CetWilhelm Tempel, 188200 h 35m06'−08° 20,8'Warscheinlech geet d'Observatioun op zwéi Stären zeréck, déi no beienee leien., déi d'Katalogbezeechnunge USNO-A2.0 0750-00137807 an USNO-A2.0 0750-00137848 droen.[12]
162AndHerman Schultz, 5. September 186700 h 36m09'+23° 57,8'E Stär ronn 75 Bousekonnen nordëstlech vum NGC 160[13]
295PscRalph Copeland, 26. Oktober 187200 h 55m05'+31° 31,5'Keen Objet bei de Koordinate vum Copeland entsprécht der Beschreiwung.[14]
302CetFrank Muller, 188600 h 56m25'−10° 39,8'Et kann net genee ermëttelt ginn, ëm wéi en observéierten Objet vum Muller et sech handelt. Méiglecherweis ass et e Stär 1,8 Bouminutten ost-nordëstlech vun der Galaxie NGC 301.[15]
308CetRobert Stawell Ball, 31. Dezember 186600 h 56m24'−01° 47,0'Méiglecherweis e Stär, dee fälschlecherweis fir en Niwwel gehale gouf, haut als USNO-B1.0 0882-0015670 katalogiséiert[16]
310CetRobert Stawell Ball, 31. Dezember 186600 h 56m48'−01° 45,9'Méiglecherweis e Stär, dee fälschlecherweis fir en Niwwel gehale gouf, als USNO-B1.0 0882-0015725 katalogiséiert[17]
313PscWilliam Parsons, 19. November 185000 h 57m46'+30° 22,0'D'Observatioun geet op dräi Stären zeréck, déi no beienee leien..[18]
370PscHeinrich Louis d'Arrest, 7. Oktober 186101 h 06m45'+32° 25,7'NGC 372 geet op dräi Stären zeréck; méiglecherweis sinn déi béid süd-westlech och fir d'Observatioun vum NGC 370 verantwortlech.[19]
372Johan Ludvig Emil Dreyer, 12. Dezember 1876
390PscGuillaume Bigourdan, 19. November 188401 h 07m54'+32° 26,0'E Stär, deen de Bigourdan fälschlecherweis fir en Niwwel gehalen hat.[20]
405PheJohn Herschel, 6. September 183401 h 08m34'−46° 40,1'D'Notiz geet op d'Stäresystem HD 6869 zeréck.[21]
412CetFrancis Preserved Leavenworth, 188501 h 10m20'−20° 00,9'Dësen Niwwel konnt net novollzunn ginn.[22]
421PscWilhelm Herschel, 12. September 178401 h 12m14'+32° 07,4'Méiglecherweis geet dës Observatioun op e Stär oder Duebelstär westlech vum NGC 420 zeréck.[23]
453PscÉdouard Jean-Marie Stephan, 10. November 188101 h 16m17'+33° 01,9'D'Observatioun geet op dräi Stären zeréck déi op enger Linn leien.[24]
464AndBonner Duerchmusterung / Wilhelm Tempel, 188201 h 19m27'+32° 57,3'Dës Notiz geet op dräi Stären zeréck, déi no beienee leien.[25]
506PscLawrence Parsons, 7. November 187401 h 23m35'+33° 14,7'D'Observatioun geet op e Stär zeréck, deen de Parsons fir en niwwelegen Objet gehalen hat.[26]
510PscHerman Schultz, 11. November 186701 h 23m56'+33° 29,8'Et handelt sech ëm zwéin Eenzelstären déi 8" vunenee leien an déi vum Schultz fir en niwwelegen Objet gehale goufen.[27]
552PscWilhelm Herschel, 13. September 178401 h 26m10'+33° 24,4'D'Notiz staamt vum Herschel aus der Observatiounsnuecht vum 13. September 1784, wou d'Resultater Schwieregkeete bei der Identifikatioun vun Objete maachen, ënner anerem well bei sämtlechen Objeten d'Rektaszensioun mat engem variéierendem Feeler gemaach ass. Méiglecherweis geet dësen op e Stär an der Géigend vun der Galaxie NGC 553 zeréck.[28]
730PscGuillaume Bigourdan, 7. November 188501 h 55m19'+05° 38,2'D'Observatioun geet op een (oder méi) Stären zeréck.[29]
733TriWilliam Parsons, 11. Oktober 185001 h 56m34'+33° 03,3'D'Notiz geet warscheinlech op e Stär zeréck.[30]
771CasJohn Herschel, 29. Oktober 183102 h 03m27'+72° 25,3'Kuckt 50 Cassiopeiae; Den John Herschel hat gemengt de Stär wier niwweleg[31]
1479EriFrank Muller, 186603 h 54m20'−10° 12,5'Fir NGC 1479 an NGC 1480 gëtt et nëmmen eng eenzeg Observatioun, déi op de Frank Muller zeréckgeet an 1866 um Leander McCormick Observatory gemaach gouf. D'Objete goufen dobäi als Niwwel-Koppel mat Positiounswénkel 170° beschriwwen. Op dëser Plaz ass keen Objet vun där Zort ze fannen.[32]
1480
1619EriLewis A. Swift, 22. Dezember 188604 h 36m11'−04° 36,2'Op där Plaz ass keen niwwelegen Objet ze fannen; méiglecherweis handelt et sech beim observéierten Objet ëm ee vun de liichtschwaache Membere vun der NGC-1600-Grupp.[33]
2465LynWilliam Parsons, 20. Februar 185107 h 57m26'+56° 49,3'D'Observatioun geet op e Stär zeréck.[34]
2589HyaLewis A. Swift, 188708 h 24m30'−08° 46,1'Op där Positioun si keng hell Galaxien ze fannen; den Objet konnt net novollzunn ginn.[35]
3484DraJohn Herschel, 5. Abrëll 183211 h 03m06'+75° 49,1'D'Observatioun kann net novollzunn ginn.[36]
4397ComWilhelm Tempel, 187712 h 25m58'+18° 18,1'D'Observatioun ass warscheinlech op véier Eenzelobjeten zeréckzeféieren, bei deenen et sech entweeder ëm véier Stären, déi no niewenenee stinn, oder ëm dräi Stären an eng Galaxie, déi méi wäit ewech läit handelt.[37]
4398VirHeinrich Louis d'Arrest, 19. Abrëll 186512 h 26m08'+10° 41,2'Entweeder net existent oder op den ongeféier 13-mag-Stär USNO-B1.0 1006-0204995 zeréckzeféieren[38]
6648DraWilhelm Struve, 182518 h 25m38'+64° 58,6'En Duebelstär, deen de Struve fir niwweleg gehalen hat.[39]

Um Spaweck

Kuckt och

Portal Astronomie