NGC 7822

Den NGC 7822 ass en Emissiounsniwwel, eng Gebuertsplaz vu ville Stären am Stärebild Cepheus. Den Emissiounsniwwel selwer gëtt och als Sharpless 171, an de Stärekoup als Berkeley 59 bezeechent. Et geet een dovun aus, datt dëst Gebitt 800-1000 pc wäit ewech ass.[1][2]

Emissiounsniwwel NGC 7822
Cederblad 214 an den NGC 7822 Niwwel
StärebildCepheus (Cep)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun00h 03m 36s
Deklinatioun+ 67° 09' 00"
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj)3000
Absolutten Duerchmiesser100
Geschicht
EntdeckerJohn Herschel
Entdeckungsdatum16. November 1829
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC7822

Déi jéngst Stäre vum Stärekoup sinn e puer Millioune Joer al,[1][2] e puer Stäre gehéieren zu de gliddegsten am Ëmkrees vun 1kpc vun der Sonn, besonnesch de BD+66 1673, en eclipsing binary system, dat aus engem Klass O5V Stär mat enger Uewerflächentemperatur vu 45000 K an enger ~100000 Luminositéit vun der Sonn besteet.[1] Dëse Stär ass déi primär Quell, déi den Niwwel zum strale bréngt, an e formt de Pillars of Creation änlechen elephant trunks.[1][3][4][5]

Kuckt och

Portal Astronomie

Referenzen