NGC 4438

Den NGC 4438 ass eng lënsefërmeg Galaxie am Stärebild Virgo déi ongeféier 52 Millioune Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Den NGC 4438 interagéiert mat der Galaxie NGC 4435, déi ronn 100.000 Liichtjoer ewech ass. Astronomen huelen un, datt déi béid viru ronn 100 Millioune Joer op enger Distanz vu 16.000 Liichtjoer laanschtenee gerannt sinn.

NGC 4438
D'Galaxie NGC 4438 (uewe lénks) an den NGC 4435 fotograféiert vum VLT
StärebildVirgo (Vir)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun12h 27m 46s
Deklinatioun+ 13° 00' 32"
Ausgesinn
Hubble-SequenzSA(s)0/a pec
Visuell Magnitude+10,0 mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
+10,9 mag
Wénkelduerchmiesser8,5' × 3,2'
Flächenhellegkeet mag/arcmin²13.4
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zuMarkarjan-Ketten
Distanz (Lj)52 Milliounen
Routverrécklung+0,000237 ± 0,000010
Radialvitess(+71 ± 3)
Geschicht
EntdeckerWilhelm Herschel
Entdeckungsdatum8. Abrëll 1784
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
GC2994
h1275
H1.28.2
Holm409A
IRAS12252+1317
MCG+02-32-065
NGC4438
PGC40914
UGC7574
VV188
ZWG70.97

Den NGC 4438 gehéiert zu der sougenannter Markarjan-Ketten, eng Grupp vu Galaxien an engem Gebitt vu ronn 1,5 Grad Duerchmiesser.

Den NGC 4438 gouf den 8. Abrëll 1784 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

En Ausschnëtt aus der Galaxie NGC 4438, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop