NGC 4395

Den NGC 4395 ass eng Balkespiralgalaxie am Stärebild Canes Venatici. Si ass 14 Millioune Liichtjoer vun eis ewech a Member vun der Canes-Venatici-I-Grupp. Si ass eng aktiv Galaxie mat engem ganz hellem Zentrum, d. h. mat engem Aktive galaktesche Kär (AGN). Den NGC 4395 ass eng Seyfert-1-Galaxie.

NGC 4395
Foto vun der GALEX
StärebildCanes Venatici (CVn)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun12h 25m 48,93s
Deklinatioun+ 33° 32' 47,8"
Ausgesinn
Hubble-SequenzSA(s)m:;
LINER Sy1.8
Visuell Magnitude10,0 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
10,6 mag mag
Wénkelduerchmiesser13,2' × 11,0'
Flächenhellegkeet mag/arcmin²15,3 mag
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zuCanes-Venatici-I-Grupp
Distanz (Lj)14 Mio.
Routverrécklung+0,00101 ± 0,00005
Radialvitess(+303 ± 14)
Absolutten Duerchmiesser55 000
Geschicht
EntdeckerWilhelm Herschel
Entdeckungsdatum2. Januar 1786
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG187-42
GC2958
h1252
H5.29.1
IRAS12233+3348
KUG1223+338
MCG+6-27-53
NGC4395
PGC40596
UGC7524
2MASXJ12254892+3332482

Besonnesches

Am NGC 4395 gouf vu britteschen a japanesche Wëssenschaftler ëm den Andrew Fabian a Kazushi Iwasawa vun der Universität Cambridge mat Hëllef vum japanesche Röntgensatellit "Advanced Satellite for Cosmology and Astrophysics" (ASCA) dat deemools klengst masseräicht Schwaarzt Lach mat enger Mass vun 10.000 bis 100.000 Sonnemasse fonnt. Sou war et 100-mol méi kleng wéi all bis dohi bekannt Schwaarz Lächer vun deem Typ. Kuerz duerno gouf an der Galaxie M82 nach méi e klengt Lach entdeckt.

Ausserdeem gëtt et an der Galaxie en ettlech H-II-Gebidder, wouvun der dräi als separat Objeten am New General Catalogue stinn: NGC 4399, NGC 4400 an NGC 4401.

Entdeckung

Den NGC 4395 gouf den 2. Januar 1786 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Um Spaweck

Commons: NGC 4395 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

Portal Astronomie