NGC 4314

Den NGC 4314 ass eng Balkespiralgalaxie am Stärebild Coma Berenices, déi ronn 40 Millioune Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Am Kär vun der NGC 4314 ass e Rank vu ronn 1000 Liichtjoer Radius vu ganz jonken, ronn 5 Millioune Joer ale Stären. Z'erkennen un der bloer Faarf op dem Bild vum Hubble.

Date vum NGC 4314
De Kärberäich vun der Balkespiralgalaxie NGC 4314 Foto vum Hubble Space Telescope
StärebildComa Berenices (Com)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun12h 22m 31,99s
Deklinatioun+29° 53' 43,3"
Ausgesinn
Hubble-TypSB(rs)a
Visuell Magnitude (visuell)+10,5 m
Visuell Magnitude (B-Band)+11,4 m
Wénkelduerchmiesser4,2' × 3,7'
Flächenhellegkeet13,3 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Gehéiert zu
Distanz40 Milliounen Liichtjoer
Routverrécklung+0,003212 ± 0,000017
Heliozentresch radial Relativvitess663 ± 5 km/s
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser
Mass
Katalogbezeechnungen
NGC 4314, PGC 40097, UGC 7443, MCG 5-29-75, ZWG 158.93, KUG 1220+301, IRAS12200+3010, H I 76, h 1204, GC 2881

Entdeckung

D'Galaxie NGC 4314 gouf den 13. Mäerz 1785 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: NGC 4314 – Biller, Videoen oder Audiodateien