NGC 3766

Den NGC 3766 ass en oppene Stärekoup am Stärebild Centaurus. Den NGC 3766 huet en Duerchmiesser vun 12 Bouminutten an eng visuell Magnitude vu 5,3 mag. De Stärekoup ass tëscht 5.000 bis 7.000 Liichtjoer vun eis ewech.

NGC 3766
Foto, opgeholl vum MPG/ESO-2,2-m-Teleskop.
StärebildCentaurus (Cen)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun11h 36.2m
Deklinatioun- 61° 37'
Ausgesinn
Wénkelduerchmiesser×
Physikalesch Donnéeën
Alterca. 20 Mio.
Geschicht
EntdeckerNicolas-Louis de Lacaille
Entdeckungsdatum1751
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
1133-613
248
GC2468
h3352
NGC3766
OCl860
ESO129-SC27

An enger an Astronomy and Astrophysics publizéierter Analys mat siwejäreger Observatioun vu méi wéi 3000 Stäre mat Hëllef vum Leonhard-Euler-Teleskop am Chile, goufen am Stärekoup 36 Stären entdeckt, déi zu enger bis elo net beschriwwener Klass vu verännerleche Stären ze gehéiere schéngen. Si rotéiere ganz séier a sinn eréischt ronn 20 Millioune Joer al. Hir Hellegkeet variéiert nëmme liicht, ëm 0,1 Prozent an zwou bis 20 Stonnen. Si léisst sech awer trotzdeem net mat de bekannte Stäremodeller erklären.[1]

Kuckt och

Portal Astronomie

Referenzen