NGC 2736

Den NGC 2736 ass een Emissiounsniwwel, och Bläistëftniwwel genannt am Stärebild Vela, deen 815 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Den NGC 2736 ass den Iwwerrescht vun enger gewalteger Explosioun vun enger Supernova, virun 11.000 Joer. Dës Supernova gëtt d'Vela Supernova genannt. No Berechnunge soll am Ufank d'Explosioun 250-mol méi hell wéi d'Venus geliicht hunn a sech mat enger Vitess vu 40 Millioune Kilometer pro Stonn ausgedeent hunn. Dës Vitess huet sech bis haut op 640.000 Kilometer pro Stonn reduzéiert.

NGC 2736
Foto, opgeholl mam MPG/ESO-2,2-m-Teleskop.
StärebildVela Vel
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun09h 00m 16,9s
Deklinatioun-45° 56' 53"
Ausgesinn
Wénkelduerchmiesser30' × 7'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj)815 Lj
Absolutten Duerchmiesser114
Geschicht
EntdeckerJohn Herschel
Entdeckungsdatum1. Mäerz 1835
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC2736
ESO260-N14

Entdeckung

Den Emissiounsniwwel NGC 2736 gouf den 1. Mäerz 1835 vum britteschen Astronom John Herschel entdeckt.

Detailfoto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck