NGC 1502

Stärekoup

Den NGC 1502 ass en Oppene Stärekoup am Stärebild Camelopardalis. Den NGC 1502 huet eng Wénkelgréisst vun 20,0' an eng Visuell Magnitude vu 6,9 mag. Véier Stäre mat Hellegkeete vu 7 bis 8 mag sinn däitlech opfälleg O- a B-Stären. Si dominéieren ongeféier 45 weider Membere vum Koup.

NGC 1502
Den oppene Stärekoup NGC 1502
StärebildCamelopardalis (Cam)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun04h 07m 50s
Deklinatioun+ 62° 19,9'[1]
Ausgesinn
Hubble-SequenzII 3 p[2]
Visuell Magnitude+6,9[1] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
+7,47[1] mag
Wénkelduerchmiesser20'[2]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zuMëllechstrooss
Geschicht
EntdeckerF. W. Herschel
Entdeckungsdatum1787
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
0403+622
45
GC802
HVII-47
NGC1502
OCl383

Am Zentrum vum Stärekoup steet den optesche Duebelstär ADS 2984. Den Alter vum Stärekoup gëtt mat zéng Millioune Joer geschat. Den NGC 1502 ass ronn 3000 Liichtjoer vun eis ewech an nëmme sechs Liichtjoer grouss[3].

Den NGC 1502 gouf den 3. November 1787 vum däitsch-britteschen Astronomen Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: NGC 1502 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen