Mound

E Mound (och Trabant oder natierleche Satellit genannt) ass een Himmelskierper, deen ee Planéit oder ee Planetoid an engem Sonnesystem ëmkreest.

Mounden aus eisem Sonnesystem

De Planéit oder Planetoid ëmkreest zesumme mat sengem Mound, respektiv senge Mounden den zentrale Stär vum Sonnesystem.

D'Zuel am Eenzelen, mat de gréisste Mounde vun héchster op klengst Mass:

Bei zwéin Zwergplanéite sinn och Trabanten entdeckt ginn.

  • De Pluto figuréiert zanter dem Joer 2006 (Beschloss vun der I.A.U. net méi als Planéit, mä als Zwergplanéit. - Seng Mounde sinn:
    • Charon
    • Nix
    • Hydra
  • D'Eris mat sengem Mound
    • Dysnomia

Och Asteroiden hunn Trabanten.

  • D'Sond Galileo huet 1993 fir d'éischt en Asteroidemound, den Trabant Dactyl vum Asteroid Ida fotograféiert.
  • Beim Eugenia konnt am Joer 1999 fir d'éischt en Trabant mat engem Teleskop nogewise ginn, deen den Numm Petit-Prince krut.

Kuckt och

Portal Astronomie

Literatur

Um Spaweck

Commons: Mounden – Biller, Videoen oder Audiodateien