Montfaucon-d'Argonne

Montfaucon-d'Argonne
Land Frankräich
RegiounGrand Est
Departement Meuse
ArrondissementVerdun
KantonClermont-en-Argonne
Koordinaten49° 16’ 20’’ N
      05° 07’ 59’’ O
Fläch 2.361 ha
Bevëlkerung 314 (1999)

Montfaucon-d'Argonne ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Grand Est.

Montfaucon d'Argonne läit um Südwesthank vun enger isoléierter Kopp dem Montfaucon. Et ass eng relativ nei Uertschaft, déi nom Éischte Weltkrich frësch opgeriicht gouf, well déi al Uertschaft déi op der Kopp louch praktesch ganz zerstéiert gouf. Déi eenzeg Iwwerreschter déi en nach do ka gesinn, sinn d'Ruine vun der Kierch, der Collégiale Saint-Germain aus dem 12. Joerhonnert. Nieft der Kierch hunn d'Amerikaner e Monument opgriicht fir un hir gefalen Zaldoten z'erënneren. D'Amerikanescht Monument um Montfaucon ass en Tuerm vun deem aus een iwwer d'ganz Géigend gesäit.

Nieft Montfaucon ass och den Amerikanesche Kierfecht vu Romagne-sous-Montfaucon

D'Ruine vun der Collégiale St. Germain um Montfaucon

Nopeschgemengen

Kuckt och


Um Spaweck

Commons: Montfaucon-d'Argonne – Biller, Videoen oder Audiodateien