Meurthe (Floss)


D'Meurthe ass e Floss an der Regioun Grand Est, deen am Bois de Lesseux net wäit vum Hohneck an dem Col de la Schlucht am Departement Vosges entspréngt.

Meurthe
Längt160,6 km
Debit41 m³/s
Fläch vum Baseng3.085 km²
Originn
Héicht900 m
Leeft anMusel
Geographie
Land Frankräich
RegiounGrand Est

En ass 159 km laang a leeft duerch Fraize, Saint-Dié-des-Vosges, Raon-l'Étape, Baccarat, Lunéville, an Nanzeg, fir dann zu Custines an d'Musel ze lafen.

Haapt-Nieweflëss sinn d'Fave, de Rabodeau, d'Plaine, d'Vezouze, d'Mortagne an de Sânon. Hire Baseng huet en Ausmooss vun 3085 km² an den Duerchschnëttsdebit beleeft sech op 20m3/s.

Tëscht Frouard an Dombasle leeft de Marne-Rhäin Kanal parallel zum Floss.

De Floss huet och dem Departement Meurthe, vu 1790 bis 1871, an dann dem 1919 nei geschaaften Departement Meurthe-et-Moselle säin Numm ginn.

Um Spaweck

Commons: la Meurthe – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Meurthe bei Nanzeg