Messier 105

Galaxie

De Messier 105 (och als NGC 3379 bezeechent) huet eng visuell Magnitude vu +9,50 mag. Déi hell elliptesch Galaxie mat enger Flächenausdeenung vu 5,1' × 4,7' läit am Stärebild Leo. Si gehéiert zu der M96-Grupp.

Messier 105
2MASS-Foto vum Messier 105 (riets) zesumme mat dem NGC 3384 (lénks)
StärebildLeo (Leo)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun10h47m49.75s
Deklinatioun+12° 34' 54,6"
Ausgesinn
Hubble-SequenzE1 LINER
Visuell Magnitude+9,5 magm
Wénkelduerchmiesser5.1/4.7
Flächenhellegkeet
mag/arcmin2 
+13,1 mag
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu  M96-Grupp
Routverrécklung (3039 ± 8)  10−6
Radialvitess (+911 ± 2)
Geschicht
Entdecker Pierre Méchain
Entdeckungsdatum 24. Mäerz 1781
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M 105
NGC 3379
PGC 32256
UGC 5902
MCG +2-28-11
ZWG 66.18
GC 2203
h 757
H 1.17

Héichopléisend Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop weisen ëm dat zentraalt Schwaarzt Lach eng rankfërmeg Struktur, déi séier rotéiert. No Berechnungen huet d'Mass vum Schwaarze Lach ronn 50 Millioune Sonnemassen.[1] An noer Ëmgéigend läit déi elliptesch resp. lënsefërmeg Galaxie NGC 3384.

Entdeckung

De Messier 105 gouf de 24. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Pierre Méchain entdeckt. Si gouf eréischt méi spéit an de Messier-Katalog opgeholl.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Messier 105 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Eng aner Foto

Den M105, gesi vum HST; Foto:NASA/ESA

Referenzen